ACCOUNT

Wa Kanner Affer vu Vernoléissegung ginn

Lonely toddler child standing in front of a window looking outside

D’Enseignantë verbréngen iwwert e Schouljoer vill Zäit mat hire Schüler a kréien esou oft och en Abléck iwwert d’Liewensëmstänn vun de Kanner. Wa Kanner doheem ënnert Vernoléissegung leiden, da weist dat sech oft och op schouleschem Niveau, wou d’Kanner duerch hiert Verhalen, hier kierperlech Verfassung oder d’Feele vu wichtegem Schoulmaterial oder un d’Wierder ugepasste Kleedung… Continue reading Wa Kanner Affer vu Vernoléissegung ginn

Privat Sécherheetsfirmen

Här President, Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Bannenzeg Sécherheet, Justiz & Wirtschaft weiderzeleeden. De 25.11 gouf bekannt dass d’Staat Lëtzebuerg plangt, privat Sécherheetsfirmen a verschiddene Quartieren an der Staat  patrulléieren ze loossen. Dës Firme ginn haut schonn oft genotzt, fir d’Sécherheet… Continue reading Privat Sécherheetsfirmen

Glécksspill zu Lëtzebuerg

Ee Wort-Artikel vum 25ten September 2020 beriicht iwwert eng Geriichtsaffär, déi mam Glécksspill zu Lëtzebuerg zesummen hänkt. Zwee Cafetieren haten eng Plainte wéinst Bedruch agereecht, well an hire Caféen eng Persoun probéiert hat mat engem falsche Bong, sech ee Gewënn aus engem Glécksspill ausbezuelen ze loossen. Allerdéngs war de béide Cafetiere scheinbar net bewosst, datt… Continue reading Glécksspill zu Lëtzebuerg

Vorratsdatespäicherung

Server rack cluster in a data center (shallow DOF; color toned image)

Am Kader vun den Affären C-623/17, C-511/18, C-512/18 an C-520/18, déi vum europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg traitéiert goufen, an sech mat der Konformitéit vun nationale Gesetzer zur Vorratsdatespäicherung mat den europäeschen Norme befaasst hunn, huet de Generalaffekot Campos Sánchez-Bordona sech dofir ausgeschwat, datt national Gesetzer sech mussen um Etat de droit moossen. Am Pressecommuniqué gëtt… Continue reading Vorratsdatespäicherung

Jugendschutz – Wéi vill Mannerjäreger sinn a Prisongen fir Erwuessener?

Outdoor Fence Detail of Sharp Barbwire Installation. Security and Protection Concept

D’UN-Kannerrechtskonventioun gesäit Folgendes vir: “En particulier, tout enfant privé de liberté sera séparé des adultes, à moins que l’on estime préférable de ne pas le faire dans l’intérêt supérieur de l’enfant (…)” (Artikel 37c). D’lescht Joer hat de Marc Goergen a senger parlamentarescher Fro n°595 gefrot, wéi vill Jugendlecher insgesamt zu Lëtzebuerg an engem Prisong ënnerbruecht goufen.… Continue reading Jugendschutz – Wéi vill Mannerjäreger sinn a Prisongen fir Erwuessener?

Lëtzebuergesch Nationalitéit fir Schüler aus dem Schengelycée?

Luxembourg flag backpack isolated on white background. Back to school concept. Education and study abroad. Travel and tourism in Luxembourg

Wien zu Lëtzebuerg an d’Schoul gaangen ass, kann ënner gewëssen Ëmstänn d’lëtzebuergesch Nationalitéit ufroen. D’Gesetz iwwert d’lëtzebuergesch Nationalitéit stipuléiert nämlech am Artikel 27: “L’option est ouverte au majeur ayant accompli au moins sept années de sa scolarité dans le cadre de l’enseignement public luxembourgeois ou de l’enseignement privé appliquant les programmes d’enseignement public luxembourgeois, à condition… Continue reading Lëtzebuergesch Nationalitéit fir Schüler aus dem Schengelycée?

Registre spécial fir Jugendlecher?

Online auction or cyber crime concept. Judge gavel on computer laptop keyboard, banner. Overhead view, 3d illustration

D’Gesetz vum 10. August 1992 zum Jugendschutz huet am Artikel 15 en “registre spécial” geschaaft, dee vum Preposé vum Casier ze féieren ass. An dësem Register fannen sech all d’Decisioune vum Jugendriichter a vum Jugendtribunal, mee och all Condamnatioune vun engem Mineur. Am Artikel 15 heescht et weider:  Ces décisions et condamnations peuvent être portées… Continue reading Registre spécial fir Jugendlecher?

Alexa, Siri, Google: ween lauschtert mat?

data security concept: computer, tablet, phone with combination lock on wooden table

An zwou parlamentareschen Ufroen froen de Marc Goergen an de Sven Clement d’Regierung, ob a wéi Sproochassistenten zu Lëtzebuerg hir Notzer oflauschteren. D’Fro vum Sven ass un de Justizminister an de Minister fir Bannenzeg Sécherheet geriet, d’Fro vum Marc bezitt sech op de Volet Konsumenteschutz. Hei ass d’Fro vum Sven Clement: An Däitschland huet de Minister… Continue reading Alexa, Siri, Google: ween lauschtert mat?

Répertoire analytique du droit luxembourgeois (RADL)

Symbols of law - scale, hammer and Themis statue in the office. Law and legal system symbols. Judgment.

De Répertoire analytique du droit luxembourgeois (RADL) war en Online-Repertoire, deen d’Gesamtheet vun de lëtzebuergesche Gesetzer a Reglementen enthalen huet, an dës ob Wonsch och no Matière sortéiert oder ob Basis vu Stéchwierder duerchsicht huet. Aktuell ass dëse RADL fir de Public awer net méi iwwer Internet accessibel.  An deem Zesummenhang hu mir de Ministere… Continue reading Répertoire analytique du droit luxembourgeois (RADL)

Weider Froen zum geheime Policeregister

Office clerk searching for files in the filing cabinet, he finds a folder with confidential information inside, personal point of view

D’Piraten fuerderen eng vollstänneg Opklärung vun den zoustännege Ministeren an der Affär vum “Geheime Policefichier”. No eiser eischter parlamentarescher Fro, hu mir der Regierung weider Froen zum Dossier gestallt: Här President, Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Bannenzeg Sécherheet & Kommunikatioun a… Continue reading Weider Froen zum geheime Policeregister