CNPD: Verstouss géint de Schutz vu persounebezunnen Daten

D’CNPD, d’Commission nationale pour la protection des données, huet ënnert anerem d’Aufgab ze kontrolléieren, dass déi national an europäesch Dateschutzgesetzer zu Lëtzebuerg konform applizéiert ginn. Gläichzäiteg ass d’CNPD och responsabel fir Reklamatiounen ze traitéieren, wa Persounen, Organisatiounen, Organismen oder Associatioune mellen, dass géint hier Rechter am Beräich vum Dateschutz verstouss Read more…

Dateschutzkonformitéit vu Formstack

An enger rezenter Fro n°2194 hat ech den Educatiounsminister ëm d’Dateschutzkonformitéit vun engem Formstack-Formulaire gefrot. Effektiv gi bei Formstack d’Donnéeën op een US-Server geleet, also ausserhalb vum europäesche Geltungsberäich vum europäeschen Dateschutzreglement (GDPR). An der Tëschenzäit goufen och weider Dokumenter vum Educatiounsministère iwwer Formstack op d’Plaz gesat, wou och erëm Read more…

Dateschutz beim Dossier de Soins Partagé?

De Chaos Computer Club Lëtzebuerg warnt an engem Pressecommuniqué vum 3te Juni 2020 iwwer Onsécherheeten elektronesche Patientendossier (Dossier de Soins Partagé, kuerz DSP). D’Organisatioun bemängelt virun allem, dass vu Säite vum Gesondheetsministère net kloer ass, wéi d’Donnéeën technesch geséchert sinn.  D’Schafe vun enger zentraliséierter Datebank, wou ganz sensibel a perséinlech Read more…

Dateschutz vu Videokonferenzen mat Zoom?

Wéi d’Plattform heise.de an engem Artikel vum 25te Mee 2020 beriicht, soll de Videokommunikatiounsdéngscht Zoom net den europäeschen Dateschutzufuerderungen entspriechen. D’Plattform bezitt sech hei op d’Informatioune vum Bundesdatenschutzbeauftragten an Däitschland, dee bemängelt, dass d’Plattform net end-to-end verschlësselt ass. Och d’Lëtzebuerger Wort hat an engem Artikel vum 23ten Abrëll 2020 doriwwer Read more…

Datenerhiewung per Formstack?

Den Educatiounsministère huet rezent d’Ausschreiwunge gemaach, fir ee  “pool national études surveillées” an ee “pool national accueil d’enfants” opzestellen. De Ministère gëtt dobäi vum CGIE ënnerstëtzt, deen een Online-Aschreiwungs-Formulaire opgestallt huet, an deem perséinlech Donnéeën ergraff ginn, dorënner och d’Matricule an d’perséinlech Ënnerschrëft. Dësen Online-Formulaire kënnt vun der US-amerikanescher Firma Read more…

Wéi sécher ass d’Kommunikatioun vu Regierungsmemberen?

Ëmmer erëm kënnt et vir, dass héij politesch Vertrieder oder Privatpersounen hieren Telefon gehackt kréien. Dat weist, dass souguer Persounen op héije Poste kënnen ausspionéiert ginn, wann hir Kommunikatioun net verschlësselt ass. D’Donnéeën, déi den Datendéif an dem Fall klaut, kënnen, wann se an déi falsch Hänn geroden, ee grousse Schued uriichten. Virun allem ëffentlech Mandatsdréier, wéi Ministeren, sinn engem héije Risiko ausgesat, ausspionéiert ze ginn. Aus deene Grënn ass et wichteg, dass Volleksvertrieder op héije Posten hir Kommunikatioun verschlësselen, zum Beispill duerch Cryptohandyen.

Weiderliesen

Vorratsdatespäicherung

Am Kader vun den Affären C-623/17, C-511/18, C-512/18 an C-520/18, déi vum europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg traitéiert goufen, an sech mat der Konformitéit vun nationale Gesetzer zur Vorratsdatespäicherung mat den europäeschen Norme befaasst hunn, huet de Generalaffekot Campos Sánchez-Bordona sech dofir ausgeschwat, datt national Gesetzer sech mussen um Etat de droit moossen. Am Pressecommuniqué gëtt hien zitéiert mat de Wierder: 

“les moyens et les méthodes de la lutte antiterroriste doivent répondre aux exigences de l’État de droit”.

Déi Affären, déi hei traitéiert ginn, si véier renvois préjudiciels fir d’Rechtssécherheet nom Arrêt Tele2 ze kréien. A sengem Avis seet de Generalaffekot, datt déi national Gesetzer déi hei examinéiert ginn, géint d’Proportionalitéit verstousse géifen.

Weiderliesen