Fir hier perséinlech Kompetenzen och no enger éischter Ausbildung während dem Berufsliewen nach auszebauen, entscheeden ëmmer erëm Léit sech fir weiderféierend berufsbegleedend Studiegäng. Och op der Uni Lëtzebuerg gouf et eng Offer un esou Formatiounen. De Bachelor an de Sozialen-an Erzéiungswëssenschaften, de Bachelor an den Erzéiungswëssenschaften an de Master an der Gerontologie konnte bspw. op der Uni hei am Land berufsbeleedend gemaach ginn. Leider ass op der Websäit vun der Universitéit awer ze liesen, dass fir d’Studiejoer 2020/2021 keng nei Studente fir de beruffsbegleedende Bachelor an de Sozial-an Erzéiungswëssenschafte wäerten ugeholl ginn, obwuel eng Umeldefrist vum 1 Abrëll bis den 31 Mai 2020 ugi gëtt, an dass fir de beruffsbegleedende Bachelor an den Erzéiungswëssenschaften a fir de Master an der Gerontologie d’Umeldunge schonns clôturéiert sinn, obwuel se fir dëst Joer nach net op waren.
Weiderliesen