ACCOUNT

Alexa, Siri, Google: ween lauschtert mat?

An zwou parlamentareschen Ufroen froen de Marc Goergen an de Sven Clement d’Regierung, ob a wéi Sproochassistenten zu Lëtzebuerg hir Notzer oflauschteren. D’Fro vum Sven ass un de Justizminister an de Minister fir Bannenzeg Sécherheet geriet, d’Fro vum Marc bezitt sech op de Volet Konsumenteschutz. Hei ass d’Fro vum Sven Clement:

An Däitschland huet de Minister fir den Interieur Seehofer an der Äntwert op eng « kleine Anfrage » vun der FDP geäntwert, datt der Bundesregierung hirer Aschätzung no sougenannte Sproochassistenten (wéi Alexa, Siri, …) keng nei Geräteklass fir de Legislateur wieren an domadder d’Geräter souwéi d’Daten, déi se ophuelen an deelweis an der Cloud späicheren, kéinte per Perquisitioun bei Ermëttlunge benotzt ginn.

An dësem Kontext erkläert déi däitsch Regierung, datt dës Assistenten och kéinte benotzt gi fir Verdächteger ofzelauschteren ouni, datt dobäi nei Gesetzer géife gebraucht ginn. Dobäi gëtt ausser Uecht gelooss, datt dës Assistenten heefeg net nëmmen hir Besëtzer ophuelen, mee och hir Kanner, Gäscht an aner Occupante vun de Wunnraim.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Ass d’Regierung der Meenung, datt d’Date vu Sproochassistenten ouni nei Gesetzer Objet vun enger Perquisitioun kënne sinn?
  2. Ass et der Regierung hir Aschätzung, datt d’Oflauschtere vun engem sougenannte Sproochassistent duerch bestoend national oder europäesch Legislatioun couvréiert ass?
  3. Goufe well Sproochassistenten am Kader vun Enquêten zu Lëtzebuerg vun der Police matgeholl an/oder ausgewäert? Wa jo, a wéi vill Fäll?
  4. Goufen am Kader vun Ermëttlungen zu Lëtzebuerg well Demanden u Cloud-Entreprise gemaach fir déi opgeholen Date vu Sproochassistenten ze kréien? Wa jo, wéi vill? A wéi ville Fäll hunn d’Operateure vun enger Cloud des Daten erausginn?
  5. Goufen am Kader vun Ermëttlungen zu Lëtzebuerg aner Geräter wéi Telefonen ofgelauschtert? Wa jo, wéi eng Typpe vu Geräter? 
  6. Des Weideren, wéi heefeg gëtt den Outil vum Oflauschteren, opgelëscht no Typ vu presuméierter Infraktioun, der Dauer vun der Observatioun, dem Gerätetyp an dem Joer zanter 2014 agesat?

Mat déiwem Respekt,
Sven Clement
Deputé

Zesummenhang posts

Mam Budget 2021 gouf d’Taxe d’abonnement ugepasst. Fongen, déi elo kënne virweisen, dass se zu 50% an nohalteg Produite bestinn, bezuele just nach 0,01%
De Konzern Philips huet am Juni 2021 eng Pressematdeelung raus ginn, laut der verschidden Otemgeräter missten zréckgeruff ginn. Et geet ee vu 5,5 Milliounen
D’Regierungspartei vum Här Mobilitéitsminister huet a Social Media Posten ugekënnegt, dass d’Linnen 179, 170, 174, 146 an 153 ab dem 28ten November géife mat