ACCOUNT

Mënscherechtssituatioun vu Flüchtlingen a Griicheland

An engem Artikel an der New York Times vum 14ten August 2020 ass vun enger immens repressiver Approche vun der griichescher Flüchtlingspolitik ze liesen. Zeieberichter no goufen an de leschte Méint eng dausende Flüchtlinge vun de griicheschen Uerdnungskräften aus dem Land Richtung Tierkei zeréckbruecht an dat deelweis op oppenem Mier an iwwerfëlltene Booter. Schonn den… Continue reading Mënscherechtssituatioun vu Flüchtlingen a Griicheland

Implikatiounen zum Urteel vum EuGH betreffend de Privacy Shield

A sengem Urteel vum 16te Juli 2020 huet den Europäesche Geriichtshaff den EU-US-Dateschutzschild (Privacy Shield) fir ongëlteg erkläert. Domadder verléieren all d’Datentransferten tëschent der EU an den USA, déi hier Legalitéit duerch d’Decisioun vun der EU-Kommissioun vum 12te Juli 2016 haten, hier legal Dosinnsberechtegung. D’Urteel vum EuGH féiert dozou, dat de Privacy Shield iwwerduecht muss… Continue reading Implikatiounen zum Urteel vum EuGH betreffend de Privacy Shield

D’Piraten wëllen erëm een Europa vun den oppene Grenzen!

D’Deputéierte vun de Piraten, Marc Goergen a Sven Clement, hu fir den Europadag den 9te Mee, zesumme mam Réimecher Piraten–Gemengeconseiller, Daniel Frères, een Zeeche gesat, fir een Europa vun den oppene Grenzen.

Lëtzebuergesch Nationalitéit fir Schüler aus dem Schengelycée?

Luxembourg flag backpack isolated on white background. Back to school concept. Education and study abroad. Travel and tourism in Luxembourg

Wien zu Lëtzebuerg an d’Schoul gaangen ass, kann ënner gewëssen Ëmstänn d’lëtzebuergesch Nationalitéit ufroen. D’Gesetz iwwert d’lëtzebuergesch Nationalitéit stipuléiert nämlech am Artikel 27: “L’option est ouverte au majeur ayant accompli au moins sept années de sa scolarité dans le cadre de l’enseignement public luxembourgeois ou de l’enseignement privé appliquant les programmes d’enseignement public luxembourgeois, à condition… Continue reading Lëtzebuergesch Nationalitéit fir Schüler aus dem Schengelycée?

Tribune libre vum Daniel Frères

D’Pirate setzen sech an fir ee staarken Déiereschutz an Europa. Lauschtert hei engem vun eise Kandidaten fir d’Europawalen, dem Daniel Frères, seng Ried zum Punkt Déiereschutz: