gerecht
Léisunge
fir d'Gemeng Suessem

Innovatioun vir eis Gemeng Suessem

Mir setzen eis a fir méi Biergerbedeelegung an eiser Gemeng. 

Mir wëlle mat Iech zesummen en Modern Gemeng zesummegestallte wou Transparenz, Gutt Zesummeliewen a Liewensqualitéit grouss geschriwwe ginn.

D‘Pirate sti fir méi Biergerbedeelegung a méi Transparenz an der Politik… an esou mat iech Problemer an Iddien an eiser Gemeng ugoen.

Eis Spëtzekandidaten

Foto vum Bruno Da Silva - Spëtzekandidat fir d'Gemengewalen 2023 fir d'PIRATEN zu Suessem

Bruno DA SILVA

Spëtzekandidat – 39 Joer – Sécherheets delegéierte bei der CFL Cargo

Moien, 

Ech sinn de Bruno Da Silva a 39 Joer jonk.

Bestuet a Papp vun zwee Kanner.

Ech sinn zu Nidderkuer gebuer a stolze Suessemer. 

Hunn meng Leier als Elektriker gemaach an duerno sinn als Visiteur op der Bunn forméiert ginn.

Aktuell sinn ech Sécherheets Delegéierte bei der CFLcargo.

Meng grouss Leidenschaft si Musek, Sport a Frënn.

An menger Fräizäit spillen ech gäre Fussball a Batterie a mam Hond spadséieren. Ech ginn am Léifste mat der Famillen an d’Vakanz fir aner Kulturen ze entdecken.

Meng Motivatioun fir mech politesch ze engagéieren ass: Menge Kanner eng gutt Zukunft hannerloossen, an en enormen Interesse fir Politik.

Besonnesch leie mir : Matsproocherecht, en Gutt Zesummeliewen a Modernitéit. Dëst fannen ech bei de PIRATEN.

Mäin Motto ass : Loosst net fir muer wat Dir haut maache kënnt.

Foto vum Cindy NETO - Spëtzekandidatin fir d'Gemengewalen 2023 fir d'PIRATEN zu Suessem

Cindy NETO

Spëtzekandidatin – 37 Joer – Slot supervisor am Casino 2000

Moien,

Ech sinn d’ Cindy NETO a 37 Joer jonk.

Bestuet a Mamm vu véier Kanner.

Ech sinn an der Stad méi genau zu Belair gebuer.

Wunne säit 2015 zu Suessem.

Hunn meng Leier an der Administration Commercial gemaach an duerno hunn ech direkt mat knapps 20 Joer am Casino 2000 als Croupier ugefaangen.

Aktuell sinn ech Slot supervisor (responsable machine à sous) am Casino 2000.

Meng grouss Leidenschaft si Musek, reesen a meng Frënn a Famill.

An menger Fräizäit sinn ech ganz oft mat menge Kanner ënnerwee.

Ech ginn am Léifste mat der Famillen an d’Vakanz fir esou vill wei méiglech mat hinnen ze profitéieren.

Meng Motivatioun fir mech politesch ze engagéieren ass:

Menge Kanner eng gutt Zukunft hannerloossen a versécheren.

Besonnesch leie mir : Gutt Zesummeliewen, Modernitéit a Fräiheet.

Dëst fannen ech bei de PIRATEN.

Mäin Motto ass : ALLES KËNNT ZÄITGERECHT FIR DEN, DEN WAARDE KANN

All eis Kandidaten

Eise Walprogramm

Kontakt

E-Mail: [email protected]

Telefon: +352 661 220 284

Aktuelles aus der Gemeng

Hei ënnendrënner fannt Dir d´Lëscht vun eise Kandidaten an der Gemeng Suessem. D´Spëtzekandidate sinn de Bruno Da Silva Oliveira an d’Cindy Neto. Bruno Da Silva
Esou wéi den Ëmweltministère et gefuerdert hat, hunn 9 Südgemenge viru kuerzem een Aktiounsplang géint Kaméidi ausgeschafft an dësen a verschiddee Gemengerotssëtzunge schonns thematiséiert