gerecht
Léisunge
fir d'Stad Lëtzebuerg

Matenee fir eng Stad fir jiddereen

Mir sinn iwwerzeegt, datt mir all zesummen vill gutt Iddie fir Eis Stad hunn. 

Mir wëlle mat Iech zesummen Bestoendes kritesch hannerfroen a verbesseren a nei Iddien a Konzepter ëmsetzen.

D‘Pirate stinn fir méi Biergerbedeelegung a méi Transparenz an der Politik… och a grad an Eiser Stad ! Jidderee soll kënne matentscheede wéi, wéi vill a wou Eis Stad wuesse sollt, wéi eng Infrastrukture mir brauchen a wou soss nach de Schong dréckt. 

Eise Kuerz-Programm kann een hei eroflueden!

Mir hunn och e komplette Programm den dir hei erofluede kënnt!

e Grupp vu Leit déi Daumen virun engem Gebai ginn.

Eis Spëtzekandidaten

Foto vum Pascal Clement - Spëtzekandidat fir d'Gemengewalen 2023 fir d'PIRATEN an der Stad Lëtzebuerg

Pascal CLEMENT

Spëtzekandidat – 63 Joer – employé de banque e.r.

Moien,

Mäin Numm  ass Pascal CLEMENT, ech sinn 63 Joer jonk an ech si Spëtzekandidat fir Stater Piraten.

Als echte Stater Jong hunn ech vir d’Éischt an der Stad, duerno um Lampertsbierg an zu Bouneweg gewunnt. Zënter 1989 wunnen ech zu Beggen.

Meng grouss Leidenschaft ass d’Zauberkonscht an alles wat mam Mënsch ze dinn huet (wéi Psychologie, Soziologie,asw.)

An menger Fräizäit liesen ech gären, fuere Vëlo, besiche friem Stied a genéissen d’Zäit mat menger Fra, eise Kanner an Enkelkanner.

Ech engagéiere mech politesch, well et ouni politescht Engagement keng Verännerung a keng Zukunft fir eis Kanner gëtt.

Besonnesch leie mir sozialpolitesch Theme wéi Aarmut, Obdachlosegkeet, Immigratioun an Inclusioun um Häerz.

Mäin Motto ass :

Keng Zopp gëtt esou waarm giess wéi se gekacht ginn ass.

 
Foto vum Marie-Marthe Muller - Spëtzekandidatin fir d'Gemengewalen 2023 fir d'PIRATEN an der Stad Lëtzebuerg

Marie-Marthe MULLER

Spëtzekandidatin – 60 Joer – Employée d’Etat

Moien, 

Ech sinn d’Marie-Marthe, Muller a 60 Joer jonk. Ech hu Philologie classique a moderne studéiert a sinn Employée d’Etat. Doniewent sinn ech och am OGBL-DTH aktiv.

Meng grouss Leidenschaft sinn d’Sproochen, Kommunikatioun a nei Sprooche léieren. Awer och d’Chorale Sang&Klang aus dem Pafendall, wëll ech net mëssen.

An menger Fräizäit liesen ech gär a schaffen a mengem Gaart. Wann nach Zäit iwwereg bleift, ginn ech gäre spadséieren.

Ech engagéiere mech politesch, well déi sozial Ongerechtegkeeten ëmmer méi grouss ginn. D’Schéier tëschent Aarm a Räich vergréissert sech an d’Mëttelschicht veraarmt. Och ass den intergenerationellen Dialog wichteg, datt eis Nofollger eng liewenswäert Welt virfannen. 

Besonnesch leie mir : d’Selbstbestëmmung, eng multikulturell Gesellschaft a sozial Gerechtegkeet um Häerz. Dëst fannen ech bei de PIRATEN

Mäin Motto ass :  Matenee fir Jiddereen

All eis Kandidaten

Eise Walprogramm

Kontakt

Aktuelles aus der Gemeng

Hei ënnendrënner fannt Dir d ́Lëscht vun eise Kandidate fir Stad Lëtzebuerg. Eis Lëscht , ënnert dem Motto : Matenee fir eng Stad fir
Rapport AG Stad Lëtzebuerg vum 4-10-2022  Lieu : Centre culturel “Am Duerf” 1 Rue Henri Lamormesnil L-1915 Luxembourg  Membres Stad à jour de cotisation
Communiqué D’Plattform JIF (Journée internationale des femmes) setzt sech als Daachverband vu ronn 20 Asblen, privat Persounen a politeschen Acteure säit 2011 fir d’Rechter
Der Vorstand der Hauptstädtischen Piratenpartei wurde am Sonntag, am 1. Dezember in einer Sitzung neu gewählt. Neu dabei sind als Koordinatoren Rudolphe Aben und