ACCOUNT

Covid-19 an der Schoul

Schoolgirl doing homework, writing, studying lesson, coronavirus home school, social distance during quarantine, online education concept, home schooler. Stay at home, stay safe.

Opgrond vun den aktuell héije Fallzuele vun Infektioune mam Covid-19 kennt et och an de Schoulen ëmmer méi oft dozou, dass Persoune mussen a Quarantaine gesat ginn. Am Fondamental besteet hei de Problem, dass d’Informatiounen aus dem Scolaria net ëmmer der Realitéit um Terrain gerecht ginn. Esou kann et sinn, dass e Kand zwar an… Continue reading Covid-19 an der Schoul

Wa Kanner Affer vu Vernoléissegung ginn

Lonely toddler child standing in front of a window looking outside

D’Enseignantë verbréngen iwwert e Schouljoer vill Zäit mat hire Schüler a kréien esou oft och en Abléck iwwert d’Liewensëmstänn vun de Kanner. Wa Kanner doheem ënnert Vernoléissegung leiden, da weist dat sech oft och op schouleschem Niveau, wou d’Kanner duerch hiert Verhalen, hier kierperlech Verfassung oder d’Feele vu wichtegem Schoulmaterial oder un d’Wierder ugepasste Kleedung… Continue reading Wa Kanner Affer vu Vernoléissegung ginn

Covid-19: A- a B-Wochen an der Schoul

Processed with VSCO with a5 preset

D’Gesetz vum 17. Juli 2020 iwwert d’Mesure géint d’Covid-19-Pandemie, dat mam Gesetz vum 25. November 2020 fir d’lescht ugepasst gouf, gesäit am Artikel 4. Folgendes fir: “(3) Sans préjudice des paragraphes 1er et 2 et de l’article 3quinquies, le port du masque est obligatoire pour tout rassemblement qui met en présence plus de quatre personnes,… Continue reading Covid-19: A- a B-Wochen an der Schoul

COVID-19: Wien däerf decidéiere Klassen temporär zou ze maachen?

Return to school during covid-19 concept . Chalkboard with handwritten text and face mask hanging on table

Fir d’Ausbreedung vun der COVID-19 Pandemie anzedämmen, gëtt vu ministerieller Säit aus e Contact-Tracing gemaach, fir potentiell infizéiert Persounen ze identifizéieren an zäitweileg ze isoléieren. Dobäi ass et wichteg, dass Leit, déi a Kontakt mat enger infizéierter Persoun waren, méiglechst séier doriwwer informéiert ginn, fir dass si de Virus net nach weider verbreede kennen. Vill… Continue reading COVID-19: Wien däerf decidéiere Klassen temporär zou ze maachen?

FRO.LU: Ëffentlechen Transport wärend der Coronapandemie

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Wéi am Reportage „Touristen am ëffentlechen Transport: Wéi Sardinnen an der Béchs?“ op RTL de 25te Juli 2020 geschriwwe gouf, ginn et Kapazitéitsproblemer beim ëffentlechen Transport. Dat war zu enger Zäit, wou ee Groussdeel vun de Leit op den ëffentlechen Transport verzicht hat an deen an der Summerpaus generell… Continue reading FRO.LU: Ëffentlechen Transport wärend der Coronapandemie

Plénière fir d’Schoulen wärend dem Covid-19 Pandemie

Business meeting room or board room modern interiors

Fir déi momentan Pandemie an de Grëff ze kréien, huet d’Regierung recommandéiert sech un eng Rei Verhalensreegelen ze halen.  Mir goufen informéiert, datt d’Schoulplenière gréisstendeels virtuell ofgehale ginn. Et sinn awer offensichtlech och eng Rei Schoulen, déi d’Plenière physesch an engem Raum wëllen ofhalen. An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt: Här… Continue reading Plénière fir d’Schoulen wärend dem Covid-19 Pandemie

Covid-19-Infektiounen an enger Schoul am Norden

Multi-ethnic group of school children wearing face masks during epidemic, focus on red-haired teenage boy using smartphone in foreground, copy space

Mat dem Verspriechen, dass ob streng Mesuren opgepasst gëtt, sinn de 25. Mee d’Primärschoulen a ganz Lëtzebuerg erëm opgaangen. D’Strategië fir d’Infektiounsquoten esou déif wéi méiglech ze hale goufen opgestallt an trotzdeem sinn, laut menge Quellen, zwee Kanner am Norde positiv op Covid-19 getest ginn an d’Enseignante kruten explizitt vum Ministère de la Santé verbueden… Continue reading Covid-19-Infektiounen an enger Schoul am Norden

Dateschutz am Kader vum “Homeschooling”

Online learning and distance education concept. Abstract interior classroom. Black chalkboard with handwritten text Online Learning. Robot teacher with a pencil pointer

Mam Ausbroch vun der Covid-19-Pandemie huet de Schoulsystem missten ëmorganiséiert ginn. D’Schoulstonne ginn dobäi iwwer Video gehalen, domat d’Schüler vun doheem aus léiere kënnen. An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt: Ass d’Ënnerriichte per Videokonferenz dateschutzkonform? Gouf d’CNPD domadder beopdrot, een Avis zu der Dateschutzkonformitéit vum Homeschooling auszeschaffen? Brauch een en Accord… Continue reading Dateschutz am Kader vum “Homeschooling”

Lëtzebuergesch Nationalitéit fir Schüler aus dem Schengelycée?

Luxembourg flag backpack isolated on white background. Back to school concept. Education and study abroad. Travel and tourism in Luxembourg

Wien zu Lëtzebuerg an d’Schoul gaangen ass, kann ënner gewëssen Ëmstänn d’lëtzebuergesch Nationalitéit ufroen. D’Gesetz iwwert d’lëtzebuergesch Nationalitéit stipuléiert nämlech am Artikel 27: “L’option est ouverte au majeur ayant accompli au moins sept années de sa scolarité dans le cadre de l’enseignement public luxembourgeois ou de l’enseignement privé appliquant les programmes d’enseignement public luxembourgeois, à condition… Continue reading Lëtzebuergesch Nationalitéit fir Schüler aus dem Schengelycée?

Digital Zensuren an der Primärschoul

Side view of school teacher holding digital tablet and teaching in a classroom

All Trimester ginn d’Eltere mat engem Bilan iwwert d’schoulesch Leeschtunge vun hire Kanner informéiert. Dëst Joer soll de Bilan fir d’éischte Kéier landeswäit just nach elektronesch un d’Eltere vu Kanner aus de Cyclen 2.1, 3.1 a 4.1  iwwermëttelt ginn. Am Bilansgespréich sollen d’Bilane just nach mathëllefs vun engem digitale Support op engem Ecran presentéiert ginn… Continue reading Digital Zensuren an der Primärschoul