Privat Sécherheetsfirmen

Här President, Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Bannenzeg Sécherheet, Justiz & Wirtschaft weiderzeleeden. De 25.11 gouf bekannt dass d’Staat Lëtzebuerg plangt, privat Sécherheetsfirmen a verschiddene Quartieren an der Staat  patrulléieren ze loossen. Dës Firme ginn haut Read more…

Unzeeche vu Mëssbrauchsfäll bei Kanner: Professioneller aus de Bildungs- a Betreiungsstrukturen éischten Uspriechpartner?

Leider kennt et ëmmer erëm vir, dass Professioneller aus dem sozio-edukative Beräich feststelle mussen, dass Kanner oder Jugendlecher kierperlechem, sexuellem oder psychologesche Mëssbrauch ausgesat sinn.

D’Personal aus de Crèchen, de Maisons Relais, de Schoulen an de Lycéeë verbréngt vill Zäit mat de Kanner a gëtt esou oft zu engem éischten Uspriechpartner vu Jonken, déi Gewaltsituatiounen erliewen. Well gläichzäiteg awer vill Kanner, déi an engem abusiven Ëmfeld opwuessen, sech net trauen explizitt iwwert hier traumatesch Erliefnesser ze schwätzen, mussen déi Professionell aus de verschiddene Bildungs- a Betreiungsstrukturen och op bestëmmten Unzeeche bei de Kanner oppassen, déi als Signal fir eng Form vu Mëssbrauch ze verstoe kéinte sinn.

Weiterliesen

Aarbechtskonditioune bei der Police – eng Nofro

D‘lescht Joer hunn ech dem Minister fir bannenzeg Sécherheet zwou parlamentaresch Froen (n°84 an 203) iwwert d’Aarbechtszäite bei der Police gestallt. An de jeeweilegen Äntwerten erkläert de Minister, dass d’Akraafttriede vum Policegesetz 2018 deemools dozou bäigedroen huet, dass d’Police huet missten hire Schichteplang ëmstellen. Gläichzäiteg huet de Minister zouginn, dass d’Schaff – a Rouzäiten net ëmmer kënne respektéiert ginn.

De 17te Juni 2019 huet de Minister den Accord “relatif au temps de travail et de repos dans la police” mat de betreffende Gewerkschaften ënnerschriwwen.

Weiderliesen

Eng Fro zum Archivage vu perséinlechen Donnéeë bei der Police

Nodeems eng Persoun eis iwwert äis Participatiouns-Websäit http://fro.lu dorops opmierksam gemaach huet, datt si trotz vergaangene Veruerteelungen vun der Police gesot kritt huet, datt dës keng Donnéeën iwwert si gespäichert hätt, hunn mir beim Minister fir Bannenzeg Sécherheet nogefrot, wei et mam Archivage bei der Police ausgesäit. Folgend parlamentaresch Fro hu mir gestallt: Read more…

D’Pirate fuerderen d’Opklärung am Dossier vum “Geheime Casier”

D’Piratepartei fuerdert d‘Regierung op, am Dossier „Geheime Casier“, hir Responsabilitéit ze huelen. Den Dossier „Geheime Casier“ werft Froen ob. Fir d‘Piratepartei bleift bis well onkloer wéi eng Donnéeën am „Fichier central“ vun der Police iwwert d‘Biergerinnen a Bierger gespäichert ginn. D‘Piratepartei sprécht sech explizit fir den Schutz vun der Privatsphär, Read more…