gerecht
Léisunge
fir d'Useldéng

Matenee fir eng Stad fir jiddereen

Mir sinn iwwerzeegt, datt mir all zesummen vill gutt Iddie fir Useldéng hunn. 

Mir wëlle mat Iech zesummen Bestoendes kritesch hannerfroen a verbesseren a nei Iddien a Konzepter ëmsetzen.

D‘Pirate stinn fir méi Biergerbedeelegung a méi Transparenz an der Politik… och a grad an Eiser Gemeng ! Jidderee soll kënne matentscheede wéi, wéi vill a wou Useldeng wuesse sollt, wéi eng Infrastrukture mir brauchen a wou soss nach de Schong dréckt. 

Eise Gemengeconseiller

Foto vum Starsky FLOR - Kandidat fir d'Gemengewalen 2023 fir d'PIRATEN zu Useldéng

Starsky FLOR

Agent CFL

Ahoi dir léif Matbierger. Fir déi di mech nach net kennen ech sinn de Starsky Flor a wunnen an der schéiner Useldenger Gemeng.
 
Als Gewerkschaftler a Conseiller hunn ech Erfarunge gesammelt a weess och wat et heescht matzebestëmmen a matzegestalten. Déi flott Erfarunge wéilt ech hei och gären deelen. Als 41 Jore jonke Papp vu 4 Kanner (3 Prinzessinnen a 1 Prënz) a bestuet weess ech dass Famill wichteg ass an eiser Gesellschaft.
 
Ech sinn e Mënsch mat engem Häerz fir d’Gemeng an hir Awunner. Ech si bereet op déi nei Challenge, déi virun eis stinn an hoffen, dass Dir mir eng Chance gitt, fir zesumme fir d’Gemeng ze schaffen. Ech setze mech fir Leit  an, well et mir wichteg ass, dass kee vergiess soll ginn. Moto fueren, Vëlofueren a Spadséier goe gehéieren zu menge léifste Fräizäitaktivitéiten. Ech sinn der Meenung, dass et wichteg ass, d’Liewensqualitéit vum Bierger ze verbesseren, a besonnesch déi vun deenen, déi manner privilegiéiert oder manner Gléck hunn am Liewen. Mir ass et wichteg, den Zesummenhalt an der Gemeng ze stäerken an d’Vilfalt vum Veräinsliewen ze ënnerstëtzen. Et ass wichteg, zukunftsorientéiert a gerecht Léisungen ze fannen. Ech sinn der Iwwerzeegung, dass wann et de Leit gutt geet, da geet et mir och gutt.
 

Eise Walprogramm

Kontakt

Aktuelles

De Sven Clement schreiwt an engem Gast-Artikel am Lëtzebuerger Land vum 25te Mäerz 2022 iwwert d’Viruerteeler am Kontext vun der Ukrain-Kris a wéi mer
Ahoi! Den alljärlechen Landeskongress vun eiser Partei steet un! Mir invitéieren all Member häerzlech dorun deel ze huelen a matzestëmmen. Wéini: 8te Februar 2020,
D’Pirate feieren hiert 10-järegt Bestoen! Dat wëlle mir zesumme mat iech feieren. Umelle kënnt dir iech entweder iwwert ahoi@web.piraten.lu (uginn: Unzuel vu leit, Menu, Membre
  Am vergangenen Freitag fand der globale Klimastreik statt, welcher auch in Luxemburg zum berechtigten Erfolg wurde. Eine Vielzahl an Mitgliedern und Kandidaten der
Context: Etat de la nation 2024 D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: Datt eng Réi Mesuren nom Logementsdësch der Chamber proposéiert gi sinn. Dës
Context: Etat de la Nation 2024 D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: Déi viregt Regierung sech d’Zil gesat hat, datt bis 2030 solle 50
De Plan d’action national pour la promotion des droits des personnes LGBTIQ vun 2018 hält fest, dass eng reegelméisseg Evaluatioun vun der Ëmsetzung vum
Adobe huet rezent mat neien terms & conditions fir Programmer wéi z. B. Photoshop fir Opreegung gesuergt. Konkret sollen déi nei Richtlinnen ënnert anerem
Eisen Informatiounen no ass et nach ëmmer schwiereg fir Diabetes Patienten, fir ëmmer un hir néideg Medikamenter ze kommen. Dëst läit zum Deel um
©SIP / Jean-Christophe Verhaegen Wéi d’Lëtzebuerger Land a senger Editioun vum 19.04.2024 mellt, stoung bei der Staatsvisitt vun der groussherzoglecher Koppel an de Vertrieder
Ufank Juni gouf et um RTL e Sonndesinterview mat dem Chef vun der Rechtsmedezin vum LNS. Dobäi gouf och iwwert Doudesfäll bei jonke Leit
Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Mobbing a Cybermobbing si grouss Problemer an eiser Gesellschaft an an eise Schoule. Fir déi Betraffe ka Mobbing
Schonn am Februar 2024 hunn d’Piraten mat der Fro n°256 op méiglech kriminell Aktivitéite vun Euro Parking Collection (EPC) opmierksam gemaach. D’Firma Euro Parking
Vun der Parteileedung ware präsent: Arendt Mandy, Sven Clement, Frères Daniel, Mertz Gilles, Remakel Raymond (Präsidium); Chris Bernard, Steven Curfs, Mathis Godefroid, Ben Lomel,
Obwuel vill Membere vum Léierpersonal sech engagéieren, fir an de Schoulen am Alldag en Ëmfeld ze schafen, dat och intersex an trans Persoune gerecht