Assises culturelles : Kulturentwécklung an Zäite vu Corona

Wat sinn d’Assises culturelles a wat war do lass ? Wärend de Regierungsrot sech op dësem Méinden, dem 26. Oktober, versammelt huet, fir nei Mesuren am Kampf géint d’Ausbreedunge vum COVID-19 ze beschwätzen, sinn an der Philharmonie Kulturschafender an -interesséierter zesumme komm, fir sech am Kader vun den drëtten Assises Culturelles iwwert déi aktuell Erausfuerderungen Read more…

Subside fir den Denkmalschutz

E Gebai, wat ënnert nationalem Denkmalschutz steet, kann – konform zum ofgeännerte Gesetz vum 18. Juli 1983 betreffend der Conservatioun an der Protektioun vun historesche Sitten – am Fall vun enger Restauratioun an de Genoss vu finanziellen staatlechen Aide kommen. An dem Zesummenhang hu mir der Regierung e puer Froe gestallt. Read more…

Expo 2020 Dubai – Aarbechtskonditiounen

A virege parlamentaresche Froen (n°647 a 1567) hat ech d’Regierung ëm Informatiounen iwwert déi lëtzebuergesch Bedeelegung un der Weltausstellung zu Dubai gefrot. Iwwert meng Froe par rapport zum Aarbechtsrecht op der Weltausstellung verweist d’Regierung an zwou Äntwerten op méi streng a wäitgoend Aarbechtskonditiounen, déi den Organisateur a senger „Worker Welfare Policy“– Charta ernimmt. Den Organisateur gëtt selwer iwwerdeems un, dass wärend der Haaptbauphase iwwert 40000 Bauaarbechter um Site vun der Weltausstellung wäerte schaffen.

Weiderliesen

Gehéiren ministeriell Kommunikatiounspreuven wéi SMSen an Emailen an d’Archiven?

An Däitschland leeft am Moment eng Diskussioun iwwert d’Flicht, fir d’elektronesch Kommunikatioun vu Ministeren (z. B. ënnert der Form vun SMS oder E-Mailen) z’archivéieren, fir esou eng ëmfaassend Transparenz am Zesummenhang mat Regierungshandlungen ze garantéieren an d’parlamentaresch Kontroll ze vereinfachen. Dëst ass eng direkt Konsequenz vun der sougenannter « Berateraffäre » ronderëm déi fréier Verdeedegungsministesch an haiteg Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen. Zu Lëtzebuerg ass mam Gesetz vum 17. August 2018 en neit Archivgesetz a Kraaft getrueden, dat ënnert anerem reegelt, wat als Archiv a wat als ëffentlecht Archiv consideréiert gëtt (Art. 2 points 1-2). 

Weiderliesen

Vorratsdatespäicherung

Am Kader vun den Affären C-623/17, C-511/18, C-512/18 an C-520/18, déi vum europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg traitéiert goufen, an sech mat der Konformitéit vun nationale Gesetzer zur Vorratsdatespäicherung mat den europäeschen Norme befaasst hunn, huet de Generalaffekot Campos Sánchez-Bordona sech dofir ausgeschwat, datt national Gesetzer sech mussen um Etat de droit moossen. Am Pressecommuniqué gëtt hien zitéiert mat de Wierder: 

“les moyens et les méthodes de la lutte antiterroriste doivent répondre aux exigences de l’État de droit”.

Déi Affären, déi hei traitéiert ginn, si véier renvois préjudiciels fir d’Rechtssécherheet nom Arrêt Tele2 ze kréien. A sengem Avis seet de Generalaffekot, datt déi national Gesetzer déi hei examinéiert ginn, géint d’Proportionalitéit verstousse géifen.

Weiderliesen

Jugendschutz – Wéi vill Mannerjäreger sinn a Prisongen fir Erwuessener?

D’UN-Kannerrechtskonventioun gesäit Folgendes vir:

“En particulier, tout enfant privé de liberté sera séparé des adultes, à moins que l’on estime préférable de ne pas le faire dans l’intérêt supérieur de l’enfant (…)” (Artikel 37c).

D’lescht Joer hat de Marc Goergen a senger parlamentarescher Fro n°595 gefrot, wéi vill Jugendlecher insgesamt zu Lëtzebuerg an engem Prisong ënnerbruecht goufen. D’Zuelen aus der Äntwert vum Minister weisen, dass säit 1992 ëmmer erëm Jugendlecher a Strukturen fir Erwuessener ënnerbruecht goufen. Wärend déi international Normen d’Placéiere vu Mannerjäregen a Prisongen kloer als Ausnam definéieren, ass dës Praktik zu Lëtzebuerg also säit ville Joren duerchaus geleefeg. 

Weiderliesen

Lëtzebuergesch Nationalitéit fir Schüler aus dem Schengelycée?

Wien zu Lëtzebuerg an d’Schoul gaangen ass, kann ënner gewëssen Ëmstänn d’lëtzebuergesch Nationalitéit ufroen. D’Gesetz iwwert d’lëtzebuergesch Nationalitéit stipuléiert nämlech am Artikel 27: “L’option est ouverte au majeur ayant accompli au moins sept années de sa scolarité dans le cadre de l’enseignement public luxembourgeois ou de l’enseignement privé appliquant les programmes Read more…

Sekten zu Lëtzebuerg

Här President,

An menger parlamentarescher Fro n° 1073 vum 20. August 2019 hunn ech den Dammen an Häre Ministere vun de Cultes, der Sozialversécherung an der Famill ënnert anerem d’Fro gestallt ob et innerhalb vun de reliéise Communautéiten zu Lëtzebuerg Tendenze ginn, déi favorabel zu Konversiounstherapië sinn, respektiv ob et Communautéite ginn, déi Homosexualitéit als anormal ugesinn an déi Meenung, voire Iwwerzeegung, och aktiv promouvéieren.

(more…)