Glécksspill zu Lëtzebuerg

Published by Marc Goergen on

Ee Wort-Artikel vum 25ten September 2020 beriicht iwwert eng Geriichtsaffär, déi mam Glécksspill zu Lëtzebuerg zesummen hänkt. Zwee Cafetieren haten eng Plainte wéinst Bedruch agereecht, well an hire Caféen eng Persoun probéiert hat mat engem falsche Bong, sech ee Gewënn aus engem Glécksspill ausbezuelen ze loossen. Allerdéngs war de béide Cafetiere scheinbar net bewosst, datt si sech duerch d’Ausbezuele vu Gewënner, souguer am Centberäich, strofbar géinge maachen.

Tatsächlech reegelt d’ofgeännert Gesetz vum 20ten Abrëll 1977, datt d’Spiller a Bistroen nëmmen däerfe weider Spillzäit ugebuede kréien, kee Geld. Dat nämmlecht hat de Justizminister op d’Fro n° 853 vum honorabelen Deputéierte Marc Spautz geäntwert: 

“Pour ces derniers, le cadre légal est clair. Les appareils à sous dans les lieux publics et notamment dans les débits de boissons sont interdits lorsqu’ils ont pour objectif de procurer un gain ou une consommation moyennant enjeu. Exception faite des bornes offrant le jeu instantané « Zubito » installées par la Loterie Nationale, toutes les autres bornes à jeux, qui procurent au joueur un avantage autre que celui de pouvoir continuer à jouer, sont considérées comme étant illégales.”

D’Realitéit um Terrain, no deem wat een an de Caféë ronderëm d’Land gesäit, ass allerdéngs eng aner. Oft ass et nämlech esou, datt wéi am uewe beschriwwene Fall, d’Cafetieren, bewosst oder onbewosst, Clienten op esou Maschinne spille loossen. De Spiller keeft an deem Moment Spillzäit an/oder eng Internetverbindung, déi et him erlaabt Punkten ze gewannen. A ville Caféë ginn dës Punkten dann am Endeffekt géint Gewënner getosch, meeschtens géint Boergeld. D’Cafetiere kréien dann ee Prozentsaz vun de Gewënner vun der Entreprise, déi dës Automate bei hinnen opstellt, ausbezuelt. Dozou kënnt dann nach, datt dës Automaten een iwwer eng Internetverbindung op Serveren an anere Länner weiderleeden. Esou spillt de Spiller net op engem lëtzebuergesche Server, mee zum Beispill op engem brasilianeschen. D’Grenz ze zéien tëschent “jeux pratiqués sur Internet” an de “bornes de jeux sur place physique” gëtt esou mi komplizéiert. De Justizminister hat op d’Fro n°853 geäntwert:

“En ce qui concerne les jeux pratiqués sur Internet, le caractère licite ou non de l’activité dépend de la législation en place dans le pays de résidence de l’opérateur. Même si la législation luxembourgeoise interdit l’établissement sur le territoire, de sociétés offrant des jeux d’argent en ligne (une exception étant toutefois faite pour la Loterie Nationale), Malte, par exemple, dispose d’une législation attrayante pour les opérateurs qui lancent des jeux à partir de son territoire. Ainsi, les jeux offerts sur Internet à partir de pays où l’activité est légale ne peuvent être prohibés. Contre les opérateurs internationaux illégaux, il faudrait procéder, un par un, au moyen d’un dépôt de plainte auprès de nos autorités nationales qui devront alors procéder via commission rogatoire auprès de leurs collègues étrangers.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Spillautomate mat enger Internetverbindung (ausser déi vun der Lotterie Nationale), schätzt de Justizministère, ginn insgesamt um lëtzebuergeschen Territoire exploitéiert? Sinn dës Automaten iergendwou deklaréiert a falls jo, wéi eng Taxen muss ee fir esou een Automat bezuelen? 

  2. Besëtzt d’Regierung Etüden, déi beleeën, datt d’Monopoliséierung vum Glécksspill duerch d’Lotterie Nationale déi richteg Decisioun ass? 

  3. Ass d’Monopolstellung vun der Lotterie Nationale konform mam europäesche Konkurrenzprinzipp an nach am Aklang mat den EU-Traitéen?

  4. De Justizminister hat geschriwwen, datt verschidde Länner, wéi Malta, eng attraktiv Legislatioun ubidden, fir d’Glécksspiller op hiren Territoire unzezéien. Och an der Belsch zum Beispill ass d’Glécksspill iwwert präzis Gesetzer streng encadréiert. Ass d’Regierung gewëllt, eng Ouverture vum Glécksspillsmarché zu Lëtzebuerg an d’Weeër ze leeden? Falls nee, firwat net?

  5. Wär et der Regierung no net un der Zäit, di lëtzebuergesch Gesetzgebung ze iwwerschaffen an d’Glécksspill, ob online oder offline, besser ze definéieren an z’encadréieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2927


Marc Goergen

Marc Goergen

Koordinator Piratepartei

0 Comments

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.