Weider Froen zum geheime Policeregister

D’Piraten fuerderen eng vollstänneg Opklärung vun den zoustännege Ministeren an der Affär vum “Geheime Policefichier”. No eiser eischter parlamentarescher Fro, hu mir der Regierung weider Froen zum Dossier gestallt:

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Bannenzeg Sécherheet & Kommunikatioun a Medien weiderzeleeden.

An senger Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°752, versprécht de Minister fir bannenzeg Sécherheet, d’Exploitatioun vum “Fichier central” op seng Konformitéit mam Dateschutzgesetz vun 2018 duerch d’CNPD an d’IGP préiwen ze loossen. 

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Här Minister, wéini kann een mat enger Äntwert vun der CNPD an der IGP rechnen?
  • Här Minister, firwat sinn dës Schrëtt net well virdrun ënnerholl ginn? 
  • Steet de Minister dem Organiséiere vun engem ëffentlechen Hearing duerch di zoustänneg Commissioun favorabel géigeniwwer? 

Mat déiwem Respekt,
Sven Clement
Députéierten

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene