ACCOUNT

Congé pour raisons familiales – Eng Demande an nëmmen engem Schaffdag maachen an accordéiert kréien?

D’Piraten hunn 2 dringend Froen un déi zoustänneg Ministere gestallt, fir ze wëssen, wéi d’Leit an nëmmen engem Schaffdag hire Congé pour raisons familiales liés au Covid-19 kënnen ufroen an accordéiert kréien. Den 20te Mee 2020 am koum owes de Formulaire eraus, fir eng Verlängerung vum “congé pour raison familiales lié à la pandémie covid… Continue reading Congé pour raisons familiales – Eng Demande an nëmmen engem Schaffdag maachen an accordéiert kréien?

Gëtt de Gemengerot senger Kontrollfunktioun gerecht?

Um Gemengenniveau ass et wichteg, dass d’Oppositiounspolitiker all politeschen Dossier analyséieren an och a Fro stelle kënnen, fir hirer Kontrollfunktioun am Gemengerot gerecht ze ginn. Fir hier Aarbecht am Kader vun hirem Mandat richteg maachen ze kënnen, brauchen och d’Politiker um Gemengenniveau – ob a Proporzgemengen oder a Majorzgemengen – Méiglechkeeten, d’Majoritéit an de Schäfferot… Continue reading Gëtt de Gemengerot senger Kontrollfunktioun gerecht?

Refuséiere vu Boergeld a Geschäfter

Man holding a wallet with money euro in hand in black medical gloves. Coronavirus crisis. Save money. The world crisis

Wärend der COVID-19-Pandemie setzen ëmmer méi Entreprisen op boergeldlos Bezuelmethoden. Aus dësem Grond ass och d’Limitt vum kontaktlose Bezuelen vu 25€ op 50€ eropgehuewe ginn. Dës Mesure gëtt an éischter Linn als als Hygiènesmesure duergestallt, allerdéngs hat d’europäesch Zentralbank no enger Etüde vum Robert Koch Institut kommunizéiert, dass d’Euro-Geldschäiner manner Haftungsfläch hunn, wéi zum Beispill… Continue reading Refuséiere vu Boergeld a Geschäfter

Secherheetslück bei der iOS-Mail-App

Man using smartphone - communication concept

D’Bundesamt für Sicherheit und Informationstechnik an Däitschland (BSI) warnt an engem Communiqué, dass d’iOS-Mail-App vun enger Secherheetslück betraff ass. De BSI schreift:

Aktuell Situatioun an den Alters–a Fleegeheemer

Closeup of a caring volunteer working in a retirement home holding a senior, disabled woman's hand

Mir goufe vun e puer Persoune kontaktéiert, deenen hier Familljememberen an enger Fleegestruktur hei am Land ënnerbruecht sinn. Dës Leit hu mir zougedroen, dass hier Mammen, Pappen – respektiv hier Groussmammen a Grousspappen – konkret Symptomer vu COVID-19 gewisen hunn, mee, dass vu Säite vun de Fleegestrukture keng Demarchen ënnerholl gi sinn, fir déi betraffe… Continue reading Aktuell Situatioun an den Alters–a Fleegeheemer

Covoiturage zu Lëtzebuerg – firwat gëtt net op erfollegräich Léisunge gesat?

Happy young couple traveling by car

A menger parlamentarescher Fro n°138 hat ech d’Regierung ëm Informatiounen zu der Copilote-App gefrot. D’App war entwéckelt ginn, fir de Covoiturage zu Lëtzebuerg ze fërderen. Allerdéngs war d’App keen Erfolleg. Trotz Publicitéitscampagnen am Wäert vun 179.949€ (Stand Januar 2019) huet d’App net den Uklang bei de Notzer vum Covoiturage fonnt a gouf an eng aner… Continue reading Covoiturage zu Lëtzebuerg – firwat gëtt net op erfollegräich Léisunge gesat?

Froen zur Adapto-App

A Handicap sign painted on a parking space

Nodeems d’Gratuitéit fir den Transportservice Adapto op Drock vun e puer Deputéierten souwéi  am Kader vun enger Petitioun agefouert gouf, gëtt elo de ganze Service vum Adapto ëmstrukturéiert. An dem Kontext gouf een neie Reservatiounssystem op d’Been gestallt an och eng nei Adapto-App gouf erstallt, mat där d’Passagéier hir Trajete reservéiere kënnen. D’App selwer gouf vun… Continue reading Froen zur Adapto-App

Froen zum Stauséi

Wéi sécher ass d’Kommunikatioun vu Regierungsmemberen?

Beutiful brunette tapping phone

Ëmmer erëm kënnt et vir, dass héij politesch Vertrieder oder Privatpersounen hieren Telefon gehackt kréien. Dat weist, dass souguer Persounen op héije Poste kënnen ausspionéiert ginn, wann hir Kommunikatioun net verschlësselt ass. D’Donnéeën, déi den Datendéif an dem Fall klaut, kënnen, wann se an déi falsch Hänn geroden, ee grousse Schued uriichten. Virun allem ëffentlech… Continue reading Wéi sécher ass d’Kommunikatioun vu Regierungsmemberen?

Firwat hält de Finanzministère sech net un d’Recommandatioune vum Gesondheetsministère?

Coronavirus, group of viruses that cause diseases in mammals and birds. In humans, the virus causes respiratory infections. 3D illustration, conceptual image with clipping path included.

Vum 18te bis den 21te Mäerz sollt d’Well-Being-Konferenz zu Lëtzebuerg stattfannen. Dës Konferenz, déi vum STATEC organiséiert ginn ass, gouf wéinst der COVID19-Epidemie ofgesot. Dës Ukënnegung kënnt iwwerraschend, well de Gesondheetsministère an senge Recommandatiounen op senger Website Folgendes schreift “Le gouvernement recommande-t-il de restreindre certaines activités commerciales ou visites en raison de la situation sanitaire… Continue reading Firwat hält de Finanzministère sech net un d’Recommandatioune vum Gesondheetsministère?