Vorratsdatespäicherung

Am Kader vun den Affären C-623/17, C-511/18, C-512/18 an C-520/18, déi vum europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg traitéiert goufen, an sech mat der Konformitéit vun nationale Gesetzer zur Vorratsdatespäicherung mat den europäeschen Norme befaasst hunn, huet de Generalaffekot Campos Sánchez-Bordona sech dofir ausgeschwat, datt national Gesetzer sech mussen um Etat de droit moossen. Am Pressecommuniqué gëtt hien zitéiert mat de Wierder: 

“les moyens et les méthodes de la lutte antiterroriste doivent répondre aux exigences de l’État de droit”.

Déi Affären, déi hei traitéiert ginn, si véier renvois préjudiciels fir d’Rechtssécherheet nom Arrêt Tele2 ze kréien. A sengem Avis seet de Generalaffekot, datt déi national Gesetzer déi hei examinéiert ginn, géint d’Proportionalitéit verstousse géifen.

Weiderliesen

Grondrechtsverletzungen duerch Vorratsdatespäicherung

Obwuel den Europäesche Geriichtshaff ganz kloer gesot huet, dass Vorratsdatespäicherung géint d’europäesch Grondrechter verstéisst, ginn zu Lëtzebuerg ëmmer nach ëmfaassend Date vu Privatleit erfaasst a gespäichert. Wisou ass dat ëmmer nach esou a wéini wäert sech dorun endlech eppes änneren? D’Piraten hunn bei der Regierung nogefrot. Här President, Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, Read more…