D’Enseignantë verbréngen iwwert e Schouljoer vill Zäit mat hire Schüler a kréien esou oft och en Abléck iwwert d’Liewensëmstänn vun de Kanner. Wa Kanner doheem ënnert Vernoléissegung leiden, da weist dat sech oft och op schouleschem Niveau, wou d’Kanner duerch hiert Verhalen, hier kierperlech Verfassung oder d’Feele vu wichtegem Schoulmaterial oder un d’Wierder ugepasste Kleedung opfale kënnen. Huet en(g) Enseignant(e) de Verdacht, dass e Kand vernoléissegt gëtt oder souguer a Gefor ass, huet hien bzw. si d’Flicht dës Observatioun ze mellen.
Dat goung och aus der Äntwert vum 06.03.2020 vum Minister op d’ parlamentaresch Fro vum Deputéierte Sven Clement ervir an där stoung:
“Laut Artikel 23 vum Code de procédure pénale ass all Professionellen, deen am Kader vu senger Funktioun vu Faite weess, déi als “crime” oder “délit” kéinte consideréiert ginn, verflicht, se beim Procureur d’État ze mellen. Géif en dat ënnerloossen, sou géif en sech strofbar maachen.”
Well déi meescht Enseignanten net iwwer konkret Beweiser verfügen, an oft leider nëmme vun engem Verdacht mussen ausgoen, wësse si oft net, op si eng Situatioun beim Procureur d’État melle sollen oder net.
Éischten Uspriechpartner bei engem Verdacht ass da meeschtens de Superieur hiérarchique mat deem Méiglechkeete fir ë weidert Virgoe beschwat ginn, oder eng Assistance sociale.
D’Professioneller sinn net ëmmer all enger Meenung
An deem Zesummenhang hu mir de Ministere fir Justiz a Bildung dës Froe gestallt:
- Ass en Enseignant, deen de Verdacht huet, dass e Kand doheem vernoléissegt gëtt oder souguer a Gefor ass, gesetzlech dozou verflicht, dëse Fait beim Procureur d’État ze mellen, och wann aner Professioneller, zum Beispill eng Assistante sociale, schonn an der Famill intervenéieren, an dës d’Aschätzung vum Enseignant net deelen?
- Ass en Enseignant, deen de Verdacht huet, dass e Kand doheem vernoléissegt gëtt oder souguer a Gefor ass, gesetzlech dozou verflicht, dëse Fait beim Procureur d’État ze mellen, och wann de Superieur hiérarchique dës Aschätzung net deelt?
Falls jo: Wéi garantéiert de Bildungsminister, dass en Enseignant, deen sech sengem Superieur hiérarchique widdersetzt, fir eng Vernoléissegung oder eng Gefor ze mellen, net fäerte muss, dass et duerch dës Aktioun zu Verschlechterunge vu sengen Aarbechtskonditioune komme kéint?
Falls nee: Wéi gëtt garantéiert, dass de Superieur hiérarchique tatsächlech iwwert dat néidegt Wëssen iwwert d’Situatioun vum Kand verfüügt, fir d’Aschätzung vun engem Enseignant um Terrain ze widderleeën?
Ass de Superieur hiérarchique an dësem Fall haftbar, wann dem Kand eppes géif zoustoussen, well d’Justiz net ageschalt gouf? - Wat réit de Bildungsministère den Enseignanten ze maachen, wann si de Verdacht hunn, dass e Kand doheem vernoléissegt gëtt, oder souguer a Gefor ass, an hire Superieur hiérarchique oder aner Intervenanten dës Aschätzung net deelen?
Fro n°3330