Lëtzebuergesch Nationalitéit fir Schüler aus dem Schengelycée?

Wien zu Lëtzebuerg an d’Schoul gaangen ass, kann ënner gewëssen Ëmstänn d’lëtzebuergesch Nationalitéit ufroen. D’Gesetz iwwert d’lëtzebuergesch Nationalitéit stipuléiert nämlech am Artikel 27: “L’option est ouverte au majeur ayant accompli au moins sept années de sa scolarité dans le cadre de l’enseignement public luxembourgeois ou de l’enseignement privé appliquant les programmes d’enseignement public luxembourgeois, à condition d’avoir une résidence habituelle au Grand-Duché de Luxembourg et de s’y trouver en séjour régulier pendant au moins douze mois consécutifs et précédant immédiatement la déclaration d’option.” Nieft den traditionellen ëffentleche Schoulen, déi kloer ënnert d’Applikatioun vun dësem Artikel falen, gëtt et zanter enger Zäit och den däitsch-lëtzebuergesche Lycée zu Schengen.

An deem Zesummenhang huet de Sven Clement de Ministeren fir Justiz a Bildung dës Froe gestallt:

  • Kënne Schouljoren aus dem däitsch-lëtzebuergesche Lycée zu Schengen bei der Berechnung vun der Referenzperiod aus dem Artikel 27 vum Nationalitéitegesetz consideréiert ginn?
  • Wa jo, ënnert wéi enge Konditiounen?

Zesummenhang posts

 D’Ukrain-Kontaktgrupp huet sech eng leschte Kéier zu Ramstein getraff, ier den Donald Trump nees säin Amt untrëtt. Dës Grupp war an der Vergaangenheet zentral
An Däitschland gëtt d’Gewaltschutzgesetz verstäerkt an et gëtt e neit Gewalthëllefegesetz ausgeschafft. Zu Lëtzebuerg weisen d’Statistiken, dass et och bei eis Handlungsbedarf gëtt: eleng
Duerch politesch Ëmwälzungen a Syrien huet d’Lëtzebuerger Regierung temporär d’Beaarbechtung vun Asylunträg vu syresche Staatsbierger ausgesat. Familljenzesummeféierunge sinn awer weiderhi méiglech, wéi den Inneminister