D’Gesetz vum 17. Juli 2020 iwwert d’Mesure géint d’Covid-19-Pandemie, dat mam Gesetz vum 25. November 2020 fir d’lescht ugepasst gouf, gesäit am Artikel 4. Folgendes fir:
“(3) Sans préjudice des paragraphes 1er et 2 et de l’article 3quinquies, le port du masque est obligatoire pour tout rassemblement qui met en présence plus de quatre personnes, dans un lieu fermé ou en plein air.
(4) Sans préjudice des paragraphes 1er et 2 et de l’article 3quinquies, tout rassemblement à partir de quatre et jusqu’à dix personnes incluses est soumis à la condition que les personnes portent un masque et observent une distance minimale de deux mètres. L’obligation du respect d’une distance minimale de deux mètres ne s’applique toutefois pas aux personnes qui font partie du même ménage ou qui cohabitent. Tout rassemblement au-delà de dix et jusqu’à cent personnes incluses est soumis à la condition que les personnes portent un masque et se voient attribuer des places assises en observant une distance minimale de deux mètres.”
Dës Reegele gëllen awer net an de Lycéeën. Hei kennen d’Direktioune selwer entscheeden, ob si eng Maskeflicht an hirer Schoul wëllen aféieren oder net, an d’Gréisst vun de Klassesäll erméiglecht et oft net eng Distanz vun 2 Meter tëscht de Schoulbänken ze respektéieren.
Mat der Aféierung un der A-a-B-Woch sollen d’Kontakter tëscht de Schüler vu 4e bis 2e an de Lycéeën elo awer wéinstens e wéineg reduzéiert ginn, andeems dës Schüler a Gruppen opgedeelt ginn, déi ofwiesselend Woche mat Presenzuntterescht an Home Schooling hunn. Dobäi kënnen d’Schoulen tëscht zwee Modeller wielen:Entweder gëtt innerhalb vun enger Klass eng A-Grupp an eng B-Grupp zesummegestallt, déi en alternance an d’Schoul ginn, oder zwou Klassen huelen en alternance um Presenzunterrescht deel.
Wärend beim éischte Modell ëmmer nëmmen eng hallef Klass am Schoulsall zesumme leiert, bleift d’Klass am zweete Modell komplett a geet just eng Woch iwwert déi aaner an d’Schoul.
Egal wéi e Modell gewielt gëtt, gëtt d’Unzuel u Schüler aus de Klasse vu 4e bis 2e, déi an der Schoul sinn, also em d’Hallschent reduzéiert. Awer nëmme beim éischt Modell gëtt och d’Unzuel u Schüler an der Klass reduzéiert.
An deem Zesummenhang hu mir dem Bildungsminister dës Froe gestallt:
- Wéi vill Schoulen hunn sech fir den éischte Modell vun der A-a-B-Woch entscheet a wéi vill fir den zweeten?
- Ass de Minister der Meenung, dass den zweete Modell eng genee esou gutt Hygiènesmesure ass wéi den éischten?U wéi enge Krittäre mécht de Minister seng Argumentatioun fest?
- Wéi vill Schoulen hunn sech bis elo dofir entscheet, eng Maskeflicht anzeféieren?
- Ass de Minister der Meenung, dass Schüler, déi an der selwechter Klass sinn an do ouni Mask a mat manner wéi zwee Meter Ofstand zesumme sëtzen, verstinn, dass si an hirer Fräizäit e Mask mussen undoen an Ofstand halen?
Fro n°3260