COVID-19: Wien däerf decidéiere Klassen temporär zou ze maachen?

Fir d’Ausbreedung vun der COVID-19 Pandemie anzedämmen, gëtt vu ministerieller Säit aus e Contact-Tracing gemaach, fir potentiell infizéiert Persounen ze identifizéieren an zäitweileg ze isoléieren. Dobäi ass et wichteg, dass Leit, déi a Kontakt mat enger infizéierter Persoun waren, méiglechst séier doriwwer informéiert ginn, fir dass si de Virus net nach weider verbreede kennen. Vill Persounen informéieren hiert Ëmfeld dofir direkt, wann si positiv ob de COVID-19 getest ginn, a warnen déi Persounen, mat deenen si a Kontakt ware fir, éier dës vun der Santé kontaktéiert ginn. 

Esou kann et virkommen, dass eng Schouljoffer oder e Schoulmeeschter vun den Elteren doriwwer informéiert gëtt, dass e Kand aus der Klass positiv ob de COVID-19 getest gouf, éier d’Léierpersonal vun der Santé ugeruff kritt. Fir d’Schoulpersonal stellt sech an dëse Fäll d’Fro, ob si selwer bzw. hier Direktioun decidéiere kënnen, Klassen temporär vum Presenzunterrecht auszeschléissen, éier si eng Ordonnance vum Minister krut hunn, aus där kloer ervir geet, dass eng Mise en Quarantaine vun de Schüler beschloss gouf. Wann si nämlech decidéieren ze waarden, bis eng offiziell Ordonnance virleit, kéint et zu Situatioune kommen, an deene Schüler, déi sech potentiell bei engem Klassekomerod mam Virus ugestach hunn, nach ee bis zwee Deeg regulär an d’Schoul ginn, well d’Ordonnance fir eng Quarantän net séier genuch ausgesprach gouf, obwuel d’Léierpersonal informéiert gouf. Anerersäits riskéiere si, mat der Decisioun hier Klass zouzemaachen, hier Kompetenzen ze iwwerschreiden an d’Kanner ouni legal Basis vum Schoulunterrecht auszeschléissen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet d’Madamm Ministesch Zuelen iwwert d’Zäit, déi duerchschnëttlech vergeet tëschent deem Moment, wou ë positiivt COVID-19-Testresultat fir eng Persoun virläit an deem Moment, wou all duerch de Contact-Tracing ermëttelt Persounen an Institutioune kontaktéiert goufen?

  2. Gouf et vu ministerieller Säit aus eng Circulaire fir d’Léierpersonal, aus där kloer ervirgeet, wéi si reagéiere sollten, am Fall wou si vun Elteren iwwert eng Covid-19-Infektioun an hirer Klass informéiert goufen?

  3. Dierfen Titulairen decidéieren, ob d’Schüler aus hire Klassen temporär vum Präsenzunterrecht ausgeschloss kënne ginn, wann et eng Infektioun mam COVID-19 an der Klass gouf, eier eng ministeriell Ordonnance virleit?
    Falls net: Kennt dës Kompetenz nierwend dem Minister nach Persoune mat enger Funktioun am Enseignement zou? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2850

Zesummenhang posts

Universitéits- an Héichschouldiplomer, déi een am Ausland erhält, muss een zu Lëtzebuerg an de Registre des Titres androe loossen, wann een se hei am
An engem Interview mat RTL huet de Wunnengsbauminister wësse gedoen, dass de Staat wäert 2 Projeten an der Stad an am Süde vum Land
Kaderprogramm Péiteng 2023