ACCOUNT

FRO.LU: Remboursemente vun Doktorsrechnungen

Red stethoscope close-up on top of euro bills

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. D’Opstelle vu Dokteschrechnungen ënnerleit strenge Reegelen, déi an enger Konventioun tëscht der CNS an der AMMD souwéi an enger spezieller Nomenclature festgehale sinn. Fir d’Patienten(innen) ass et awer net ëmmer evident an iwwersiichtlech erauszefannen, wat genee Dokteren an hire Consultatiounen verrechnen, och wann d’Gesondheetskeess fir dësen Zweck den Online-Tool… Continue reading FRO.LU: Remboursemente vun Doktorsrechnungen

FRO.LU: Steiererklärungen

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Wéinst der Covid-19-Pandemie gouf dëst Joer den Delai fir d’Areeche vun der Steiererklärung fir d’Joer 2019 bis d’Enn vum Joer 2020 verréckelt. U sech hätten d’Contribuabel hier Deklaratioun bis den 31te Mäerz 2020 missten areechen, mee ugesiichts vum Ausbroch vun der Pandemie Mëtt Mäerz hat d’Chamber enger Verlängerung vun… Continue reading FRO.LU: Steiererklärungen

FRO.LU: Ëffentlechen Transport wärend der Coronapandemie

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Wéi am Reportage „Touristen am ëffentlechen Transport: Wéi Sardinnen an der Béchs?“ op RTL de 25te Juli 2020 geschriwwe gouf, ginn et Kapazitéitsproblemer beim ëffentlechen Transport. Dat war zu enger Zäit, wou ee Groussdeel vun de Leit op den ëffentlechen Transport verzicht hat an deen an der Summerpaus generell… Continue reading FRO.LU: Ëffentlechen Transport wärend der Coronapandemie

FRO.LU: Prozeduren bei der CNPD

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Mam Gesetz vum 1ten August 2018 gouf d’CNPD an d’Liewe geruff, déi am Kader vum EU-Dateschutzreglement (GDPR) dofir zoustänneg ass, dass d’Dateschutzgesetz zu Lëtzebuerg agehale gëtt. D’CNPD deemno als d’Police vum Dateschutz ze begräifen an huet dofir och laut Gesetz déi néideg Kompetenzen, fir kënnen z’enquêtéieren, Decisiounen ze huelen… Continue reading FRO.LU: Prozeduren bei der CNPD

FRO.LU: Datematrix-Coden op Bréiwer

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Verschidde Ministèren verschécken mëttlerweil Bréiwer, op deenen ee QR-Code um Blat opgedréckt ass. Wien versicht de QR-Code fir eng Echtheetsprüfung bei gouvcheck.lu ze notzen, dee gëtt enttäuscht, well de QR-Code op dëser Plattform als “invalid” erkannt gëtt. Beim Dekodéiere vun de QR-Coden fënnt een allerdéngs verschidden Informatiounen. Beim Bréif… Continue reading FRO.LU: Datematrix-Coden op Bréiwer

Moutfort – Route de Remich – Nofro n°3

An de parlamentaresche Froen n°1656 an 1901 hat ech de Minister ëm Detailer iwwert d’Situatioun vun engem Schantjen op der Nationalstrooss N2 zu Moutfort gefrot. D’Äntwert op déi éischt Fro vum Minister hat dozou gefouert, datt vu säitens vun der Buergermeeschtesch vu Contern Kritik opkomm war well een an der Gemeng der Meenung war, datt… Continue reading Moutfort – Route de Remich – Nofro n°3

FRO.LU: Hëllefe fir jonk Entreprisen (Aides aux jeunes entreprises)

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. D’Regierung huet an de leschte Wochen eng Rei Hëllefe  fir ugeschloen Entreprisen ugekënnegt, déi vun der Covid–19–Pandemie wirtschaftlech getraff goufen. Dës Hëllefe sinn u verschidde Konditioune gebonnen, wéi zum Beispill, datt d’Entreprise am leschte Joer e Chiffre d’affaires vu mindestens 15000€ virweise kann. Déi aner Konditioun ass, dass de… Continue reading FRO.LU: Hëllefe fir jonk Entreprisen (Aides aux jeunes entreprises)

FRO.LU: Rekrutement beim CGDIS

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu 2018 goufen d’Rettungsdéngschter zu Lëtzebuerg nei organiséiert an an dem Kontext gouf duerch d’Gesetz vum 27te Mäerz 2018 de Corps grand-ducal d’incendie et de secours (CGDIS) geschaf. D’Land zitt an engem Artikel vum 10.1.2020 ee klenge Resumé aus dem leschten annerhallwe Joer vum CGDIS. “Hier stößt das CGDIS an… Continue reading FRO.LU: Rekrutement beim CGDIS

FRO.LU: Waasserstoff-Technologie zu Lëtzebuerg

Flowing water, drops, sprays, splashes on a neutral background, studio light, abstraction, minimalism

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu An de parlamentaresche Froen n°340, 733, 1293 a 1781 hunn eng Rëtsch Deputéierten Informatiounen zu der Strategie vun der Regierung par Rapport zu der Waasserstofftechnologie am Transportsecteur krut. Am Uschloss un dës Froe hu mir den zoustännege Ministere folgend Froe gestallt:

FRO.LU: gëtt d’Liewensqualitéit vun den Awunner bei Schantjeen a Betruecht gezunn?

Eng Fro gouf gestallt op www.fro.lu An der Route de Remich (Nationalstrooss 2) zu Moutfort si säit iwwer dräi Joer verschidde Stroossenaarbechten duerchgefouert ginn. Op dëser Strooss fueren – den Zielunge vun den Awunner no – all Dag bis zu 12500 Autoen an 200 Camionen.  Well de Belag vun dëser Haaptstrooss trotz de villen Aarbechte… Continue reading FRO.LU: gëtt d’Liewensqualitéit vun den Awunner bei Schantjeen a Betruecht gezunn?