Dateschutz am Kader vum “Homeschooling”

Mam Ausbroch vun der Covid-19-Pandemie huet de Schoulsystem missten ëmorganiséiert ginn.
D’Schoulstonne ginn dobäi iwwer Video gehalen, domat d’Schüler vun doheem aus léiere kënnen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass d’Ënnerriichte per Videokonferenz dateschutzkonform? Gouf d’CNPD domadder beopdrot, een Avis zu der Dateschutzkonformitéit vum Homeschooling auszeschaffen?

  2. Brauch een en Accord fir Auszich (Biller, Téin, Ausschnëtter, …) kennen ze späicheren? Falls jo, wéi gëtt dat reguléiert?

  3. Däerfen d’Opnamen un Drëttpersoune weidergeleet ginn?

  4. Ginn et vun der Regierung speziell Consignen, wéi eng Programmer fir de Videoënnerriicht benotzt däerfe ginn?

  5. Goufen d’Schoulpersonal an d’Schüler virum Benotze vum Videoënnerriicht ëm hir Rechter a Fliichten ëm den Dateschutz informéiert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2321

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene