Covid-19-Infektiounen an enger Schoul am Norden

Mat dem Verspriechen, dass ob streng Mesuren opgepasst gëtt, sinn de 25. Mee d’Primärschoulen a ganz Lëtzebuerg erëm opgaangen. D’Strategië fir d’Infektiounsquoten esou déif wéi méiglech ze hale goufen opgestallt an trotzdeem sinn, laut menge Quellen, zwee Kanner am Norde positiv op Covid-19 getest ginn an d’Enseignante kruten explizitt vum Ministère de la Santé verbueden d’Elteren ze informéieren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wei eng Prozedur gëtt fir den Tracing vu Kanner an de Schoule benotzt?

  2. Wei eng Datebanke ginn an dem Kontext consultéiert?

  3. Firwat gëtt Léierpersonal, dat jo d’Bezuchspersoun ass, net matagebonnen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2440

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen