Digital Zensuren an der Primärschoul

Published by Piraten on

All Trimester ginn d’Eltere mat engem Bilan iwwert d’schoulesch Leeschtunge vun hire Kanner informéiert. Dëst Joer soll de Bilan fir d’éischte Kéier landeswäit just nach elektronesch un d’Eltere vu Kanner aus de Cyclen 2.1, 3.1 a 4.1  iwwermëttelt ginn. Am Bilansgespréich sollen d’Bilane just nach mathëllefs vun engem digitale Support op engem Ecran presentéiert ginn an no der perséinlecher Entrevue sollen d’Elteren dann eng Email mam Bilan erhalen.

An deem Zesummenhang huet de Sven Clement dem Bildungsminister dës Froe gestallt:

  • Wéi gëtt garantéiert, datt d’E-Maile mat de Bilane bei de richteg Leit ukommen? Wien haft, wann d’Email mam Bilan interceptéiert gëtt, oder falsch adresséiert géif ginn?
  • Gouf den DPO saiséiert, fir d’Prozedur vum Envoi vu Bilane mat perséinlechen Daten iwwert net securiséiert E-Maile ze evaluéieren? Wa jo: wéini gouf en Avis ofginn a wat war seng Konklusioun? Wann nee: Plangt de Minister nach en Avis beim DPO unzefroen?
  • D’Léierpersonal gouf ugewisen de Bilan, falls d’Elteren en Dokument aus Pabeier wënschen, just nach um Ënn vum Joer ze printen. Muss d’Personal mat Sanktioune rechnen, falls Bilane géife pro Trimester geprint ginn, well d’Elteren dëst géife froen?
  • Stëmmt et, datt den Informatiounsbréif, deen de Minister un d’Léierpersonal verdeelt huet, fir dass dës en un d’Eltere kéinte verdeelen, just a franséischer Sproch disponibel ass? Wisou gëtt et dëst Informatiounschreiwen net an alle Sproochen, an deenen och de Bilan disponibel ass (z. B. also och op däitsch, englesch, portugisesch oder serbo-kroatesch)?

0 Comments

Leave a Reply

Your email address will not be published.

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.