ACCOUNT

Reduzeierung vum ëffentlechen Transport – Nofro

Här President, Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un de Minister fir weiderzeleeden. An der Äntwert op meng Parlamentaresch Fro n°2917, hunn ech de Minister iwwert d’Ännerungen um RGTR-Netz befrot. De Minister huet a senger Äntwert uginn dass et nëmme bei enger eenzeger Buslinn, zu… Continue reading Reduzeierung vum ëffentlechen Transport – Nofro

FRO.LU: Ëffentlechen Transport wärend der Coronapandemie

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Wéi am Reportage „Touristen am ëffentlechen Transport: Wéi Sardinnen an der Béchs?“ op RTL de 25te Juli 2020 geschriwwe gouf, ginn et Kapazitéitsproblemer beim ëffentlechen Transport. Dat war zu enger Zäit, wou ee Groussdeel vun de Leit op den ëffentlechen Transport verzicht hat an deen an der Summerpaus generell… Continue reading FRO.LU: Ëffentlechen Transport wärend der Coronapandemie

Den ëffentlechen Transport och no der Coronapandemie propper halen?

D’Coronapandemie huet eis an der Gesellschaft villes iwwer Gestë bäibruecht, déi jiddereen ënnerhuele kann, fir Infektiounskrankheeten auszebremsen. Ee wichtegen Aspekt dovunner ass sécherlech d’reegelméissegt Botzen an Desinfizéieren. An de leschte Woche konnt een effektiv feststellen, dass d’Busser an d’Zich am ëffentlechen Transport ronderëm d’Auer propper sinn. Dat war virun der Coronapandemie net ëmmer de Fall.… Continue reading Den ëffentlechen Transport och no der Coronapandemie propper halen?

Kanner mat spezifesche Besoinen – Feelt et zu Lëtzebuerg u Schoulplazen a passende Strukturen?

Portrait of adorable little girl smiling happily while enjoying art and craft lesson in pre school working together with boy

Fir ze garantéieren, datt d’Kanner an d’Schoul kenne goen, egal wéi wäit hier Schoul vun hirem Doheem ewech ass, gëtt zu Lëtzebuerg vun ëffentlecher Säit aus e Mobilitéitsservice offréiert. Am Reegelschoulberäich ass et esou, datt de Staat just fir Schoulen um lëtzebuergeschen Territoire e Busservice ubitt. Well awer eng gewëssen Unzuel u Kanner mat spezifesche Besoinen… Continue reading Kanner mat spezifesche Besoinen – Feelt et zu Lëtzebuerg u Schoulplazen a passende Strukturen?

Tankstell Steebrécken– ass dat Ëmweltpolitik?

An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°1303 schreiwen d’Ministeren, dass de Konzessionär vun der Tankstell op der A4 – beim Echangeur Steebrécken – gewiesselt huet. Wärend der Zäit vun den Aarbechten um Echangeur ass de Site vun der Tankstell gespaart. D’Ministere schreiwen, dass de Flux vu Clientë sech deementspriechend op aner Tankstellen op de lëtzebuergesche… Continue reading Tankstell Steebrécken– ass dat Ëmweltpolitik?

Reaktioun: Gratis ëffentlechen Transport

Ech weess net op ech laachen oder kräische soll, seet de Pascal Clement, Kandidat vun de Piraten a Petitionär fir e gratis ëffentlechen Transport. Laache well eis Fuerderung , déi zënter 2013 an all eise Programme stoung an och erëm steet, elo och endlech vun anere Parteie versprach gëtt. Oder Kräische well eng Partei déi… Continue reading Reaktioun: Gratis ëffentlechen Transport