ACCOUNT

COVID-19: Wien däerf decidéiere Klassen temporär zou ze maachen?

Return to school during covid-19 concept . Chalkboard with handwritten text and face mask hanging on table

Fir d’Ausbreedung vun der COVID-19 Pandemie anzedämmen, gëtt vu ministerieller Säit aus e Contact-Tracing gemaach, fir potentiell infizéiert Persounen ze identifizéieren an zäitweileg ze isoléieren. Dobäi ass et wichteg, dass Leit, déi a Kontakt mat enger infizéierter Persoun waren, méiglechst séier doriwwer informéiert ginn, fir dass si de Virus net nach weider verbreede kennen. Vill… Continue reading COVID-19: Wien däerf decidéiere Klassen temporär zou ze maachen?

Impfstoff géint de Coronavirus

The Brussels Times beriicht an engem Artikel vum 21ten August 2020 doriwwer, datt AstraZeneca, eng Firma an der Pharmaindustrie mat Sëtz a Groussbritannien, drop an drun ass een éischte Vaccin géint de Sars-Cov-2 op de Maart ze bréngen. D’EU-Kommissioun hat an engem Communiqué vum 14ten August 2020 beriicht, datt mat besotener Firma een Accord ofgeschloss… Continue reading Impfstoff géint de Coronavirus

Failliten bedéngt duerch d’Covid-19-Pandemie

Nodeems d’Joer 2019 méi Faillitte wéi d’Virjoer opzeweisen hat (ee Wort-Artikel vum 13te Januar 2020 hat doriwwer beriicht) huet d’Coronapandemie dëst Joer sécherlech säin Deel dozou bäigedroen, dass d’Unzuel vun de Faillitte par Rapport zu de Virjoren sech verännert  An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt: Wéi vill Firmen hunn zënter dem… Continue reading Failliten bedéngt duerch d’Covid-19-Pandemie

STATEC Corona App

World virus epidemic spread monitoring concept with coronavirus map. Global pandemic stats ranking with statistics per country. Covid-19 cases monitor website in flat design.

An deene leschten Deeg sinn E-Mailen zirkuléiert mam Absender “Enquête App STATEC ” mam Sujet “STATEC Enquête /Ëmfro /Umfrage /Survey Covid-19 App”. Mat dësem Mail goufen déi Betraffen opgefuerdert fir un enger Ëmfro betreffend d’Aféiere vun enger Covid-19 App matzemaachen. Wien un der Enquête deelgeholl huet, kritt um Enn eng E-Mail mat ënnert anerem folgende… Continue reading STATEC Corona App

Konkludenz vun den Sars-Cov-2-Tester

Fir d’Verbreedung vum Coronavirus genee kënnen ze retracéieren an anzedämmen, hat d’Regierung decidéiert, fir mam Luxembourg Institute of Health d’lëtzebuergesch Bevëlkerung an d’Frontaliere groussflächeg op de Sars-Cov-2-Virus testen ze loossen. Insgesamt goufe schonn iwwert 100 000 Persounen op de Coronavirus getest. An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt: Wéi vill Tester, an… Continue reading Konkludenz vun den Sars-Cov-2-Tester

Loyers Bâtiments publics

Rent a house concept. Real estate market. House icon with keys. Copy space. Top view

Am Kader vun der Covid-19 Pandemie goufen et Fuerderungen, fir Commerçanten duerch d’Aussetzen, respektiv de Verzicht vum Loyer, z’entlaaschten an esou d‘Perennitéit vun hire Betriber z’erméiglechen. Verschidde Gemenge sinn dëse Wee gaangen an och Regierungsmemberen hunn ugedeit, datt dëst Piste wieren, déi ee misst kucken. De Staat selwer ass duerch eng Rei Institutiounen, ënnert anerem… Continue reading Loyers Bâtiments publics

Wien huet d’Werbecampagne #NetOuniMengMask erstallt?

Net ouni meng Mask. Dëst ass de Message vu enger aktueller Sensibiliséierungscampagne, déi vum Gesondheetsministère bal iwwerall am Land ze gesinn ass. Pechbiller a Restauranten souwéi digital Werbeannoncë sollen d’Leit dorunner erënneren, dass si mam Droe vun enger Mask hier Matmënschen a sech selwer virun enger méiglecher Infektioun mam Coronavirus schütze kann.  Wann een d’Metadate… Continue reading Wien huet d’Werbecampagne #NetOuniMengMask erstallt?

Den ëffentlechen Transport och no der Coronapandemie propper halen?

D’Coronapandemie huet eis an der Gesellschaft villes iwwer Gestë bäibruecht, déi jiddereen ënnerhuele kann, fir Infektiounskrankheeten auszebremsen. Ee wichtegen Aspekt dovunner ass sécherlech d’reegelméissegt Botzen an Desinfizéieren. An de leschte Woche konnt een effektiv feststellen, dass d’Busser an d’Zich am ëffentlechen Transport ronderëm d’Auer propper sinn. Dat war virun der Coronapandemie net ëmmer de Fall.… Continue reading Den ëffentlechen Transport och no der Coronapandemie propper halen?

Motioun vun de Piraten fir Reesbranche

Beautiful view from plane window to the clouds and plane wing

Aktualitéitsstonn zur ziviller Loftfaart D’Deputéiertechamber stellt fest: D’Tourismusbranche dréit am Duerchschnëtt ronn 3% zum lëtzebuergeschen Bruttoinlandprodukt bäi (Source: UNWTO, Compendium of Tourism Statistics, Data 2014–2018, Edition 2020); Enger rezenter Prognose vun der Welttourismusorganisatioun (UNWTO) fir d’Joer 2020 no, riskéiert d’Unzuel u Reese weltwäit ëm 60 bis 80% anzebriechen; D’Reesagencen zu Lëtzebuerg rechne mat engem Abroch vu bis zu… Continue reading Motioun vun de Piraten fir Reesbranche

Letzshop no der Corona-Pandemie

Dat lescht Joer hat ech dem Minister fir Mëttelstand e puer Froen zum Fonctionnement vun der online Verkafsplattform “Letzshop” gestallt. Mam Abroch vun der COVID-19-Pandemie huet de Minister decidéiert, dass de Membersbäitrag vu 500€ fir dëst Joer opgehuewen ass, fir esou den Entreprisen ze hëllefen. An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:… Continue reading Letzshop no der Corona-Pandemie