Gehéiren ministeriell Kommunikatiounspreuven wéi SMSen an Emailen an d’Archiven?

An Däitschland leeft am Moment eng Diskussioun iwwert d’Flicht, fir d’elektronesch Kommunikatioun vu Ministeren (z. B. ënnert der Form vun SMS oder E-Mailen) z’archivéieren, fir esou eng ëmfaassend Transparenz am Zesummenhang mat Regierungshandlungen ze garantéieren an d’parlamentaresch Kontroll ze vereinfachen. Dëst ass eng direkt Konsequenz vun der sougenannter « Berateraffäre » ronderëm déi fréier Verdeedegungsministesch an haiteg Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen. Zu Lëtzebuerg ass mam Gesetz vum 17. August 2018 en neit Archivgesetz a Kraaft getrueden, dat ënnert anerem reegelt, wat als Archiv a wat als ëffentlecht Archiv consideréiert gëtt (Art. 2 points 1-2). 

Weiderliesen

E Klimabudget fir all Ministère – wéi geet d’Regierung vir?

D’Ministèrë verbrauche fir hier Aarbecht Ressourcen a sinn z. B. och duerch Déngschtreesen un de lëtzebuergeschen CO2-Emissioune bedeelegt. Am Kader vun den nationalen Ustrengungen d’Emissioun vun Zäregasen ze reduzéieren, soll dofir  mat engem Klimabudget den ekologesche Foussofdrock vun de Ministèrë méiglechst kleng gehale ginn. An deem Zesummenhang huet de Sven Read more…

Transparent Prozeduren? Eng parlamentaresch Fro iwwer Personalchangementer an de Ministèren

D’Piraten hunn de Ministeren fier Aussenugeleeënheeten an Europa, Ëffentlechen Déngscht, Energie an Kultur eng parlamentaresch Fro iwwer rezent Personalchangementer gestalt. Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro: “Reegelméisseg falen op Ministèrë Personalchangementer un. Heiansdo treffen esou Wiessele bei der Ëffentlechkeet duerch kloer an transparent Prozeduren ob Zoustëmmung, heiansdo léisen se guer keng Resonanz aus an Read more…