Expo 2020 Dubai – Aarbechtskonditiounen

A virege parlamentaresche Froen (n°647 a 1567) hat ech d’Regierung ëm Informatiounen iwwert déi lëtzebuergesch Bedeelegung un der Weltausstellung zu Dubai gefrot. Iwwert meng Froe par rapport zum Aarbechtsrecht op der Weltausstellung verweist d’Regierung an zwou Äntwerten op méi streng a wäitgoend Aarbechtskonditiounen, déi den Organisateur a senger „Worker Welfare Policy“– Charta ernimmt. Den Organisateur gëtt selwer iwwerdeems un, dass wärend der Haaptbauphase iwwert 40000 Bauaarbechter um Site vun der Weltausstellung wäerte schaffen.

Weiderliesen

Schlecht Aarbechtskonditiounen an ee Mangel u Lokführer bei der CFL?

Lokführer ze sinn, ass ee schankenhaarde Beruff: nieft der héijer Responsabilitéit eng 7000-PS-staark Maschinne korrekt ze manövréieren, schaffen d’Lokführer an engem onréigelméissegen Zäitplang Dag a Nuecht – oft och d’Feierdeeg – a sinn doriwwer eraus och fir d’Sécherheet vun dausende Passagéier responsabel, déi all Dag matfueren. Wéi aus verschiddene Froe Read more…

Wéi huet Luxtram et mam Gesetz?

D’Piraten hunn de Ministere fir Finanzen & Aarbecht eng parlamentaresch Fro zum Fonctionnement an Entreprise mat staatlecher Bedeelegung gestallt. Am Folgende fannt där den Text zu eiser Fro. Am groussherzoglechen Arrêté vum 11. August 1974 gi Firmen opgelëscht, bei deenen de Staat méi wéi 25% vum Kapital hält. Nom Artikel L.426-1 Read more…