Biergerfro: Vermëttlung vun Ausbildungsplazen

Dës Fro ass per Mail un eis adresséiert ginn. Wëllt dir och eng parlamentaresch Fro stellen? Dann gitt op http://fro.lu a proposéiert är Fro un d’Regierung!

D’Digitaliséierung huet e groussen Afloss op den Aarbechtsmarché. Grad am Beräich vun Ausbildungs- an Aarbechtsplazen op CCP-Niveau stellen automatiséiert Aarbechtsofleef eng Konkurrenz zum traditionelle Salarié duer, esou dass d’Unzuel u fräie Plazen ëmmer méi limitéiert ass. Fir Persounen trotz dësen aktuellen Erausfuerderungen den Zougang zu fräien Ausbildungsplazen ze vereinfachen, kennen Interesséierter beim Beruffsinformatiounszentum (BIZ) Dokumenter ufroen, op deene fräi Ausbildungsplazen opgefouert ginn. 

Weiderliesen

Expo 2020 Dubai – Aarbechtskonditiounen

A virege parlamentaresche Froen (n°647 a 1567) hat ech d’Regierung ëm Informatiounen iwwert déi lëtzebuergesch Bedeelegung un der Weltausstellung zu Dubai gefrot. Iwwert meng Froe par rapport zum Aarbechtsrecht op der Weltausstellung verweist d’Regierung an zwou Äntwerten op méi streng a wäitgoend Aarbechtskonditiounen, déi den Organisateur a senger „Worker Welfare Policy“– Charta ernimmt. Den Organisateur gëtt selwer iwwerdeems un, dass wärend der Haaptbauphase iwwert 40000 Bauaarbechter um Site vun der Weltausstellung wäerte schaffen.

Weiderliesen

Wéi een Afloss hunn déi héich Logementspräisser op d’Attraktivitéit vum Standuert Lëtzebuerg?

Säit Joren klammen d’Wunnengspräisser zu Lëtzebuerg. Ëmmer méi Jonker, ma och eeler Leit a Famillen hu Problemer sech eng Wunneng ze kafen oder ze lounen. Dës trëfft jiddereen : Op Auslänner oder Lëtzebuerger. Duerch dës Entwécklung sinn d’Liewensënnerhaltskäschten ëmmer méi erdréckend. Vill Leit aus dem Ausland schrecken d’Immobiliëpräisser an déi Read more…