Gehéiren ministeriell Kommunikatiounspreuven wéi SMSen an Emailen an d’Archiven?

An Däitschland leeft am Moment eng Diskussioun iwwert d’Flicht, fir d’elektronesch Kommunikatioun vu Ministeren (z. B. ënnert der Form vun SMS oder E-Mailen) z’archivéieren, fir esou eng ëmfaassend Transparenz am Zesummenhang mat Regierungshandlungen ze garantéieren an d’parlamentaresch Kontroll ze vereinfachen. Dëst ass eng direkt Konsequenz vun der sougenannter « Berateraffäre » ronderëm déi fréier Verdeedegungsministesch an haiteg Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen. Zu Lëtzebuerg ass mam Gesetz vum 17. August 2018 en neit Archivgesetz a Kraaft getrueden, dat ënnert anerem reegelt, wat als Archiv a wat als ëffentlecht Archiv consideréiert gëtt (Art. 2 points 1-2). 

An deem Zesummenhang huet de Sven Clement der Kulturministesch dës Froe gestallt:

  • Wéi behandelt d’lëtzebuergesch Regierung SMS’en an E-Maile vun an tëscht Regierungsmemberen am Kader vum Archivage?
  • Gëtt garantéiert, datt eng politesch onofhängeg Instanz iwwert d’Valeur vun de Kommunikatiounspreuven fir d’Archiven entscheet oder entscheeden d’Ministerë selwer, wat si an d’Archive ginn?
  • Wéi garantéiert d’Regierung, datt historesch Entscheedungen zu engem spéideren Zäitpunkt nach kennen novollzu ginn, wann dës Entscheedungen mat elektronesche Kommunikatiounsmëttelen iwwermëttelt goufen?

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt