Wat sinn d’Assises culturelles a wat war do lass ?
Wärend de Regierungsrot sech op dësem Méinden, dem 26. Oktober, versammelt huet, fir nei Mesuren am Kampf géint d’Ausbreedunge vum COVID-19 ze beschwätzen, sinn an der Philharmonie Kulturschafender an -interesséierter zesumme komm, fir sech am Kader vun den drëtten Assises Culturelles iwwert déi aktuell Erausfuerderungen am Kultursecteur a méiglech Piste fir d’Zukunft auszetauschen.
D’Assises culturelles, déi all zwee Joer vum Kulturministère organiséiert ginn, sinn e Moyen mat deem de Kulturministère d’Bierger an d’Plangen an d’Ausféiere vum Kulturentwécklungsplang (KEP) well abezéien.
D’PIRATEN ware mat enger Mataarbechterin op der Plaz an hu sech ugekuckt, wéi eng Progrèse bis elo um KEP gemaach goufen, wéi participativ d’Assisë wierklech waren a wat fir Sujeten de Kënschtler an Aarbechter aus dem Kultursecteur wärend dëser Pandemie besonnesch um Häerz leien.
Ënnert der Moderatioun vum Samuel Hamen gouf duerch 4 grouss Programmpunkte gefouert,
- eng Präsentatioun vun engem éischte Bilan iwwert d’Avancementer vum KEP;
- eng Paneldisskussioun mam Thema „Kultursecteur 2020 am Schiet vu Corona: Konsequenzen, Defien a Perspektiven“;
- eng Präsentatioun vun enger Reform vum Gesetz iwwert d’Mesures sociales fir Artisten an Intermittants du spectacle;
- an eng Präsentatioun vu Kultur:LX, enger neier lëtzebuergescher Export-Agence, mam Zil, Createuren aus Lëtzebuerg dobäi ze ënnerstëtzen am Ausland an doheem visibel ze sinn.
Wéi een Uleien huet den Diskurs vun de Kulturschafenden dominéiert?
Ganz kloer: D‘Protectioun vum Kulturschafende virum Precariat – an Zäite vu Corona an doriwwer eraus.
D’Pandemie huet d’Liewe vu ville Kënschtler a vun deenen, déi mat hinnen zesummeschaffe staark verännert. International Optrëtter an Ausstellunge sinn net méi méiglech, d’Leit ginn net méi esou vill an den Theater oder an de Musée a bei all Produktioun stellt sech d’Fro, op se net awer nach a leschter Sekonn muss ofgesot ginn, well de COVID engem um Enn awer nees e Stréch duerch d’Rechnung gemaach huet.
Et war fir d’Leit aus dem Kultursecteur nach ni einfach. Ouni séchert a fest Akommes, war et och viru COVID schwéier op enger Bank e Prêt ze kréien oder eng Wunneng ze lounen. Mee säit d’Aschränkungen, déi mam neie Virus verbonne sinn, d’gesellschaftlecht Liewen dominéieren, ass et nach vill méi schlëmm ginn. D’Banken an d’Proprietären, déi virdru scho skeptesch waren, huelen elo mol kee Rendezvous méi mat engem Kënschtler un. De Risiko ass hinnen einfach ze héich.
Leider gesäit et net esou aus, wéi wann sech d’Situatioun vun de Kulturschafenden zäitno verbessere wäert – ze onkloer ass et, wéi et mam Virus wäert weidergoen.
Déi haut vum Regierungsrot proposéiert Ausgangsspär an de Conseil, just nach essentiell Deplacementer ze maachen, kéint d’Prekaritéit am Kultursecteur souguer nach verschäerfen. Des Form vun engem „fräiwëllege Lockdown“ erlaabt et der Regierung vu speziellen Aiden ofzegesinn, well vu legaler Säit aus jo jidderee weiderhi sengem Geschäft däerf nokommen, wärend faktesch awer all de potentielle Clientë gesot gëtt, se sollen am beschten doheem bleiwen. (Wat och op den HORECA-Secteur a gläichem Mooss zoutrëfft).
E Verbuet fir sech no 23 Auer nach däerfen an engem Café opzehalen, wäert fir vill Museker, déi an der Vergaangenheet vun de Bünen an der HORECA profitéiert hunn, eng grouss Aschränkung sinn. D’Pirate leenen d’Iddi vun enger Ausgangsspär dofir zum aktuellen Zäitpunkt och strikt of. Esoulaang wéi sech Leit nach op enkstem Raum an den ëffentlechen Transport quëtschen an de Ministère nach Quarantaine-Ausname fir potentiell infizéiert Léierpersonal ausstellt, hu mir nach genuch Potential d’Ausbreedung vum Virus anzedämmen, ouni souwisou scho staark belaaschte Secteuren elo nach emol anzeschränken.
Laangfristeg wäert et net duergoen, de Kultursecteur duerch punktuell Aiden iwwer Waasser ze halen; laangfristeg wäert de System musse grondleeënd iwwerduecht ginn.
Och wärend der Paneldisskussioun ass dëse wichtege Punkt vun den Acteuren aus dem Secteur ugeschwat ginn. D‘Intervenante waren sech eens, dass déi reng wirtschaftlech Logik, dass de Wäert vun eppes sech u sengem Verkafswäert bemësst, am Beräich vun der Kultur ze kuerz gräift. E Prozess, en Erliefnis, en Ausdrock, eng Iddi, e Bild, en Danz oder e Gedanke kennen onbezuelbar sinn. An trotzdeem kommen zu Lëtzebuerg déi, déi hiert Liewen der Kultur widmen net anstänneg iwwert d’Ronnen. Am Moment muss ë Kënschtler sech virun allem iwwerleeën, ob eppes wäert gefalen; ob sech eppes wäert verkafe loossen. Dat ass kee gesonde Raum fir kreativt Schaffen.
D’Pirate setzen sech dofir säit laangem fir e bedéngungsloust Grondakommes an.
E Grondakommes, wat de Kulturschafenden e Wee aus der Prekaritéit an eng Opportunitéit fir Kreativitéit frei vun ekonomeschen Zwäng géif bidden.
(Méi Detailer iwwert eis Positioun zu engem Grondakommes fënns du hei: https://web.piraten.lu/programm/grondakommes)
Wéi participativ waren d’Assisen?
Wärend dem ganze Muere konnten d’Zuschauer am Sall an awer och d’Leit doheem via Livestream an Chat hier Froen un de Ministère an un d’Participante vun der Paneldisskussioun aus dem Kultursecteur stellen.
Doriwwer eraus ass et bis zu den nächsten Assisen jidderengem méiglech an der „Boîte à idées“ op https://kep.public.lu/fr/boite-a-idees.html weiderhin Ureegungen an Iddien ze hannerleeën.
Selbstverständlech kann een zum aktuellen Zäitpunkt nach näischt doriwwer soen, ob – a falls jo wéi –d’Regierung d’Beiträg vun de Bierger wäert an hier Aarbecht afléisse loossen. Erréicht wann sech erauskristalliséiere géif, dass d’Regierung der Stëmm vun de Leit um Terrain och wierklech Gehéier geschenkt hätt, an déi vill Iddien aus der Zivilgesellschaft och ëmsetzte géif, kéint ee vun engem gelongene participative Prozess schwätzen. Mee d’Aart a Weiss, wéi d’Mënschen sech am Moment aktiv abrénge kennen, schéngt fir d’Piraten duerchaus eng villverspriechend Méiglechkeet ze sinn, fir dat zivilgesellschaftlech Matsproocherecht ze stäerken, a sollt dofir och anere Ministèren e Beispill sinn. Ob schlussendlech wichteg Iddien aus der Zivilgesellschaft zeréck behale wäerte ginn, oder ob de Ministère d’Leit zwar freet wat se denken, mee duerno just mëscht wat den eegenen Ziler entsprécht, wäert sech an de kommende Jore weisen. Mee Potential hätt dës participativ Initiativ op alle Fall.
Wéi eng Progrèse goufe bis elo am Kader vum KEP gemaach?
Säit 2018 steet de Kulturentwécklungsplang, dee mat ursprénglech 62 a mëttlerweil 64 Zieler d’Richtung fir d’Kulturpolitik vun de kommende Jore bis 2028 soll virginn.
Aus dem Jo Kox senger Presentatioun vun haut ass virun allem eppes ervirgaangen: et gëtt nach vill ze maachen.
An de leschten 2 Joer konnte just 2 Ziler scho vollstänneg erreecht ginn. 12 Ziler goufen derweil nach guer net ugepaakt an um Recht gouf scho geschafft, mee ouni dass d’Projete schonn ofgeschloss gi wären.
Den Detail iwwert de Fortschrëtt vun den eenzele Punkte soll een deemnächst um Internetsite vum KEP (www.kep.lu) verfollege kënnen.
________________________
Falls du dech fir d’Lëtzebuerger Kulturlandschaft interesséiers, an e méi geneeë Bléck op d’Assise werfe wells, kanns du dat ënnert dësem Link maachen: