Subsiden fir d’Restauratioun vun historesche Gebaier

E Gebai, wat ënnert nationalem Denkmalschutz steet, kann – konform zum ofgeännerte Gesetz vum 18. Juli 1983 betreffend der Conservatioun an der Protektioun vun historesche Sitten – am Fall vun enger Restauratioun an de Genoss vu finanziellen staatlechen Aide kommen.

An deem Zesummenhang huet den Sven Clement der Ministesch fir Kultur folgend Froe stellen:

  1. Wéi vill Subsiden sinn an de leschten zéng Joer, opgeschlësselt pro Joer, fir d’Restauratioun vun historesche Gebaier vum Services des Sites et Monuments Nationaux (SSMN) verdeelt ginn? 
  2. Wéi verdeele sech dës Aiden opgeschlësselt no Gebaier ënnert nationalem Denkmalschutz, lokalem Schutz an deenen déi ënnert enger anerer Form eligibel fir Aiden sinn? 
  3. Wat ass d’Maximalsomm, déi fir e Projet ausbezuelt gouf?
  4.  Wat sinn d’Kritären fir d‘Konformitéit mat de Standarden vum Denkmalschutz? 
  5. Wat geschitt, wann Aarbechten net no deene Critèren ausgefouert goufen? Wien iwwerpréift a wien iwwerwaacht dat?
  6. Ginn et Oplagen, wat de Verkaf vu Gebaier, deenen hier Renovatioun/Restauratioun subsidéiert gouf, ugeet? Muss de Subside do zréckbezuelt ginn oder en Deel vun der Plus-value un de Staat zréckgefouert ginn. Wann net, gedenkt d’Regierung dat ze änneren, fir d’Spekulatioun op historescher Bausubstanz ze ënnerbannen?

Zesummenhang posts

Eis sinn e puer Temoignagen zougedroe gi wou Leit Problemer haten, fir d’Bréifwal fir d’Gemengewalen dëse Sonnden aus dem Ausland zréck op Lëtzebuerg ze