Biergerfro: Vermëttlung vun Ausbildungsplazen

Dës Fro ass per Mail un eis adresséiert ginn. Wëllt dir och eng parlamentaresch Fro stellen? Dann gitt op http://fro.lu a proposéiert är Fro un d’Regierung!

D’Digitaliséierung huet e groussen Afloss op den Aarbechtsmarché. Grad am Beräich vun Ausbildungs- an Aarbechtsplazen op CCP-Niveau stellen automatiséiert Aarbechtsofleef eng Konkurrenz zum traditionelle Salarié duer, esou dass d’Unzuel u fräie Plazen ëmmer méi limitéiert ass. Fir Persounen trotz dësen aktuellen Erausfuerderungen den Zougang zu fräien Ausbildungsplazen ze vereinfachen, kennen Interesséierter beim Beruffsinformatiounszentum (BIZ) Dokumenter ufroen, op deene fräi Ausbildungsplazen opgefouert ginn. 

An dësem Zesummenhang huet de Sven Clement dem Bildungsminister an dem Wirtschaftsminister folgend Froe gestallt:

  • Wéi eng Entitéit ass Zoustänneg, fir d’Informatiounen aus den Dokumenter vum BIZ mat der tatsächlecher Offer un Ausbildungsplaze à jour ze halen?
  • Wéi oft ginn d’Dokumenter vum BIZ à jour gesat?
  • Ginn Ausbildungsplazen a Beruffer, déi iwwert en CCP an en DAP accessibel sinn, getrennt no de jeeweilege Formatiounen opgelëscht oder gëtt et eng gemeinsam Lëscht fir Ausbildungsplaze fir CCP- an DAP-Formatiounen? Falls Leschtes de Fall ass, firwat gëtt hei net differenzéiert?

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt