Validation des acquis

An der Question parlementaire n°1291 vum 4. Oktober, wollt ech vun den Häre Minister fir Bildung, Aarbecht a Wirtschaft ënnert anerem gewuer ginn, wéi vill Ufroe fir eng Validation des acquis am Joer 2018 an 2019 gestallt goufen. Den Här Educatiounsminister huet mir dës Froe mat konkrete Statistike beäntwert an ass nach eng Kéier méi genee ob d’Fonctionnement vun der VAE-Prozedur agaangen. Aus de geliwwerten Äntwerten erginn sech fir mech awer nach eng Rei Inconnuen.D‘groussherzoglecht Reglement vum 15. Dezember 2017 reegelt d‘Accompagnementer vun de Kandidate fir d‘VAE. Och hei stellen sech nach eng Rei Froen, virun allem wann een déi deemoleg Avise vun der Chambre des Salariés an dem Staatsrot méi genee ënnert d‘Lupp hëlt.

An deem Zesummenhang huet den Sven Clement dem Educatiounsminister folgend Froe gestallt:

  • An deem vum Här Minister geliwwerten Tableau, deen d‘Statistike fir d’Joer 2018 duerstellt, figuréieren am Ganzen 28 Dossieren, déi mat enger « Validation totale » cloturéiert goufen. Här Minister, wéi eng Diplomer, Beruffsausbildungen an Diplomer sinn dat am Detail, déi hei accordéiert goufen ?
  • Wéi vill Demandë goufen, opgeschlësselt pro Joer, säit 2010 als recevabel an als net recevabel erkläert ?
  • Fir wéi eng Beruffsgruppen oder Ausbildunge goufen zanter 2010, opgeschlësselt no recevabelen an net recevabelen Demanden, plus déi final Decisioun, am meeschten Ufroe gestallt ?
  • Här Minister, kéint Dir eis eng Lëscht ënnerbreede, mat all de Beruffer, fir déi säit 2010 eng Demande gestallt gouf ?
  • Wéi vill Demandë fir eng Gesellen- oder Meeschterkaart goufen, opgeschlësselt no recevabel a net recevabel erkläerten Demanden, plus final Decisioun, pro Joer a vun 2010 un, bis haut, gestallt ?
  • Wéi vill Gesellen- a Meeschterbrevete goufen, opgeschlësselt pro Joer a vun 2010 un, vum Service-VAE ausgestallt ?
  • Wéi är Statistik weist, goufen et 2018 433 Demandë fir eng Validation des Acquis. Deem géigeniwwer stinn 136 final Decisiounen, déi vun der Commission de Validation geholl goufen. Wéi ass ärer Meenung no d’Diskrepanz tëscht deenen als recevabel erkläerten Demanden an deene final getraffen Decisiounen duerch d’Commission de Validation ze erklären ?
  • Här Minister, laut dem „Règlement grand-ducal du 15 décembre 2017 portant sur l’accompagnement par entretiens personnalisés du candidat sollicitant la validation des acquis de l’expérience“ huet de Kandidat oder d‘Kandidatin vum Service-VAE 12 Stonnen Accompagnement zegutt. Wëssend, datt de Staatsrot well a sengem Avis n° CE: 52.121 vum 28 Mäerz 2017 festgehalen huet, datt den „Agent de l‘Etat“, wéi en am Regelement genannt gëtt, een, laut dem Staatsrot, flouen Terme ass: Aus wat besteet den Accompagnement konkret a wien mécht deen Accompagnement?
  • Här Minister, wéi vill Accompagnateure ginn et a wéi vill Indemnisatioune sinn heivir, opgeschlësselt pro Joer a vun 2017 un, ausbezuelt ginn?
  • An hirem Avis vum 3. Mäerz 2017 zum Projet de règlement grand-ducal betreffend d‘Accompagnement vun de VAE-Kandidatinnen oder Kandidaten, huet d‘Chambre des Salariés festgehalen, datt et an hiren Aen méi Sënn géif maachen, d‘Kandidatinnen oder d‘Kandidaten, déi eng éischt Demande un de Service-VAE stellen, am Virfeld ze „conseilléieren“ an ze „informéieren“, ier si sech an eng VAE-Demarche „lancéieren“. D‘Aarbecht vum Accompagnateur fänkt am Moment eréischt dann un, wann d‘Demande vum Kandidat oder der Kandidatin als recevabel erkläert gouf. Här Minister, gedenkt Dir hei nozebesseren a schonn am Virfeld dofir ze suergen, datt d‘Kandidatinnen oder d‘Kandidaten net blannemännerches eng Demande stellen, ouni am Virfeld informéiert ginn ze sinn an soumat ze assuréieren, datt genee gepréift gëtt op eng VAE-Prozedur iwwerhaapt Sënn mécht fir déi jeeweileg Kandidatin oder de Kandidat?
  • An hirem Avis vum 3. Mäerz 2017 zum Projet de règlement grand-ducal betreffend den Accompagnement vun de VAE-Kandidatinnen a Kandidaten, huet d‘Chambre des Salariés och festgehalen, datt d‘Durée, fir d‘Preparatioun vun den personaliséierten Entretienen „insuffisante“ wier an huet deemno proposéiert, dës Durée vun 2 op 4 Stonnen erop ze setzen. Här Minister, elo wou d‘gesetzlech Basis vun der VAE ufanks des Joers ugepasst wäert ginn – wat ass är Aschätzung par Rapport zu dëser Propositioun vun der Chambre des Salariés? 
  • Mécht de Service VAE e Rapport annuel, wann net firwat net ? Ass de Minister net der Meenung, datt et wichteg wier de Bierger oder d‘Biergerin transparent iwwert d’Aarbecht vum Service VAE opzeklären a konkret Resultater ze publizéieren, déi fir all Biergerin a Bierger einfach zougänglech an novollzéibar anzegesi sinn ?

Zesummenhang posts

Bierger:innen a Betriber sinn oft op de Service vu staatleche Verwaltungen ugewisen. Verschidde Froen loossen sech effikass an effizient iwwert den direkte Kontakt mat
Déi zoustänneg Ministeren hu gëschter der Ëffentlechkeet de Bilan zur Asyl- an Immigratiounspolitik zu Lëtzebuerg virgestallt. An der zoustänneger Chamberskommissioun sinn awer verschidde Froen
 Ee WORT-Artikel vum 23ten Dezember 2024 hat informéiert, dass op der Schnellstreck vum Tram tëschent der Stad an dem Belval elo dach ee weideren