Mobbing a staatlech finanzéierter Fuerschungsariichtung

Virun engem Joer sinn an de Medie Berichter opgetaucht iwwert Mobbingvirwërf a psychesch Belästegung am Max-Planck-Institut zu Lëtzebuerg. Säit deem soll, wéi aus Informatioune vun der Direktioun vum Institut ervir geet, probéiert gi sinn d’Aarbechtsklima ze verbesseren duerch eng méi enk Zesummenaarbecht tëscht der Personalvertriedung an der Féierungsspëtzt.

Dat lëtzebuergescht Max-Planck-Institut gëtt zu 100% vum Staat finanzéiert a ka pro Joer bis zu 12 Milliounen Euro (Index 2013) aus de Staatskeesen erhalen.

An deem Zesummenhang huet de Sven Clement dem Minister  fir Héichschoul a Fuerschung dës Froe gestallt:

  • Wéi vill Euro si säit 2014 vu staatlecher säit aus pro Joer an d’Finanzéierung vum Max-Planck-Institut gefloss?
  • Ginn et Pläng, d’Mëttele vum Max-Planck-Institut ze erhéijen?
  • Ginn et Pläng, déi staatlech finanziell Mëttele fir de Max-Planck-Institut u Qualitéitsevaluatiounen ze bannen, déi ënnert anerem och Krittäre wéi Personalmanagement a Mobbing-Präventioun consideréieren?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene