Bidd d’Uni Lëtzebuerg keng beruffsbegleedend Studiegäng méi un?

Fir hier perséinlech Kompetenzen och no enger éischter Ausbildung während dem Berufsliewen nach auszebauen, entscheeden ëmmer erëm Léit sech fir weiderféierend berufsbegleedend Studiegäng. Och op der Uni Lëtzebuerg gouf et eng Offer un esou Formatiounen. De Bachelor an de Sozialen-an Erzéiungswëssenschaften, de Bachelor an den Erzéiungswëssenschaften an de Master an der Gerontologie konnte bspw. op der Uni hei am Land berufsbeleedend gemaach ginn. Leider ass op der Websäit vun der Universitéit awer ze liesen, dass fir d’Studiejoer 2020/2021 keng nei Studente fir de beruffsbegleedende Bachelor an de Sozial-an Erzéiungswëssenschafte wäerten ugeholl ginn, obwuel eng Umeldefrist vum 1 Abrëll bis den 31 Mai 2020 ugi gëtt, an dass fir de beruffsbegleedende Bachelor an den Erzéiungswëssenschaften a fir de Master an der Gerontologie d’Umeldunge schonns clôturéiert sinn, obwuel se fir dëst Joer nach net op waren.

An deem Zesummenhang huet de Sven Clement dem Minister fir Héichschoul a Fuerschung dës Froe gestallt:

  • Kann de Minister bestätegen, dass fir d’Studiejoer 2020/2021 keng Studente fir de beruffsbegleedende Bachelor an de Sozial-an Erzéiungswëssenschafte wäerten ugeholl ginn? Kann de Minister bestätegen, dass Studenten sech fir d’Studiejoer 2020/2021 net fir de beruffsbegleedende Bachelor an den Erzéiungswëssenschaften umelle kennen? Kann de Minister bestätegen, dass Studenten sech fir d’Studiejoer 2020/2021 net fir de beruffsbegleedende Master an der Gerontologie umelle kennen?
  • Wéi erkläert de Minister, dass dës Studiegäng net méi ugebuede ginn, obwuel grad am Beräich vum Fleegemanagement, vun der Educatioun a vun der sozialer Aarbecht e grousse Besoin un héichwäerteg qualifizéiertem Personal besteet?
  • Wéi eng aner beruffsbegleedend Studiegäng ginn op der Uni Lëtzebuerg fir d’Studiejoer 2020/2021 ugebueden? Wéi eng aner Studiegäng goufen op der Uni Lëtzebuerg am Joer 2019/2020 nach ugebueden a gi fir d’Studiejoer 2020/2021 net méi ugebueden?
  • Ass et méiglech, dass déi Studiegäng, déi fir d’Joer 2020/2021 net méi ugebuede ginn, fir d’Joer 2021/2022 erëm zu der Offer vun der Uni Lëtzebuerg gehéiere wäerten?
  • Wéi bréngt de Minister d’Sträiche vun dëse Studiegäng mat den Ziler aus dem Koalitiounsaccord, d’Ausbildungsofferen an d’Méiglechkeete vum Life Long Learning weiderzeentwéckelen, an Aklang?

Zesummenhang posts

A ville Länner ginn neigebuere Kanner kuerz no hirer Gebuert am Kader vum Dépistage néonatal op verschidde selte Krankheet getest. Zil vum Screening ass
LU-CIX ass een nationalen Internet exchange Point zu Lëtzebuerg, deen als Service de Schutz vu kritesch Netzer an Hosts proposéiert. D’Asbl gëtt et säit
D’Verwaltungsgeriicht huet rezent jugéiert, dass de Staat engem Flüchtling, deen eleng geflücht war, op Basis vun eiser Gesetzeslag net kann eng Wunneng refuséieren (Arrêt