Mangelnde Dateschutz bei Kanner

De 27ten November huet de Bundesverband der Verbraucherzentralen und Verbraucherverbände ee Rapport verëffentlecht, deen d’Auswierkunge vum europäesche Dateschutzreglement (GDPR) op d’Verbraucher ënnert d’Lup hëllt. An deem Rapport monéiert d’Verbraucherzentrale ënnert aanerem den Dateschutz vu Mannerjäregen. Notamment bemängelt de Rapport Es muss grundsätzlich ausgeschlossen werden, dass Kinder selbst in die Verarbeitung besonderer Kategorien Read more…

Kamerabiller bei den CFL – Nofro

A menger parlamentarescher Fro n°1251 wollt ech méi iwwert d’ Iwwerwaachungsmesurë vun der CFL wëssen. D’Äntwert vum Minister liwwert Informatiounen iwwert déi jeeweileg Späicherfristen, d’Accèse souwéi d’Consultatioune vum Iwwerwaachungsmaterial. An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen: An der Äntwert schwätzt den Här Minister op verschiddene Platze vu Read more…

Donnéeë vu Privatpersoune musse vun Telekomsoperateuren un den Institut Luxembourgeois de Régulation weidergeleet ginn

Den Artikel 10bis vum Gesetz vum 30. Mee 2005 concernant la protection de la vie privée dans le secteur des communications électroniques (dat ënnert anerem duerch d’Gesetz vum 27. Juni 2018 modifiéiert gouf) hält fest, wéi eng Donnéeë vun Telekomsoperateure mussen un den Institut Luxembourgeois de Régulation (ILR) weidergeleet ginn, Read more…

Eng Fro zum Archivage vu perséinlechen Donnéeë bei der Police

Nodeems eng Persoun eis iwwert äis Participatiouns-Websäit http://fro.lu dorops opmierksam gemaach huet, datt si trotz vergaangene Veruerteelungen vun der Police gesot kritt huet, datt dës keng Donnéeën iwwert si gespäichert hätt, hunn mir beim Minister fir Bannenzeg Sécherheet nogefrot, wei et mam Archivage bei der Police ausgesäit. Folgend parlamentaresch Fro hu mir gestallt: Read more…