Den Artikel 10bis vum Gesetz vum 30. Mee 2005 concernant la protection de la vie privée dans le secteur des communications électroniques (dat ënnert anerem duerch d’Gesetz vum 27. Juni 2018 modifiéiert gouf) hält fest, wéi eng Donnéeë vun Telekomsoperateure mussen un den Institut Luxembourgeois de Régulation (ILR) weidergeleet ginn, fir do an engem Fichier centralisé gespäichert ze ginn. Dëse Fichier Central gëtt vun der ILR a vum CTIE zentral bedriwwen an d’Telekomsoperateure musse mindestens eemol den Dag en Update mat den neisten Informatioune schécken. Dat bedeit, datt d’Operateuren am Fall vu Privatpersounen déi folgend Date vun hiren Abonnenten un den ILR iwwermëttele mussen:
• le nom,
• le prénom,
• le lieu de résidence habituelle,
• la date et
• le lieu de naissance ainsi que
• le numéro de contact de l’abonné
D’Daten aus dësem Fichier Central vum ILR, sinn disponibel fir de Procureur d’Etat, de Juge d’instruction, d’OPJen an och fir de Geheimdéngscht. Des Weideren dierf och den Centre d’appels d’urgence vun der Police (den 113) ob des Donnéeën zougräifen.Mam Punkt (8) vum Artikel 10bis hält d’Gesetz vum 30. Mee 2005 iwwerdeems fest, dass Auditte vum ILR duerchgefouert musse ginn:“L’institut fait procéder régulièrement à un audit sur le fonctionnement du fichier prévu au paragraphe 1er pour contrôler la mise en œuvre des mesures techniques et organisationnelles appropriées.”
An deem Zesummenhang huet de Sven Clement dem Minister fir Kommunikatioun a Medien dës Froe gestallt:
- Vue datt Transitiounsphase vun engem Joer, déi d’Gesetz vum 27. Juni 2018 virgesinn huet, de 27. Juni 2019 zu Enn gaangen ass, ass de Fichier Central vum ILR aktuell a Betrib?Falls jo: Zanter wéini ass dëse Fichier a Betrib?Falls nee: Firwat net?
- An der Hypotheese, datt de Fichier Central vum ILR aktuell a Betrib ass:
• Wéi vill Datesäz ëmfaasst dës Datebank aktuell?
• Wéi vill Datesäz enthalen Informatioune vu Persounen, déi nom Akraafttriede vum Gesetz Client bei engem Telekomsoperateur ginn sinn (esou datt si Kenntnis hate vun de gesetzlechen Dispositiounen)? Wéi vill Datesäz ëmfaassen Informatioune vu Persounen, déi scho virum 27.06.2018 Client bei hirem Operateur waren?
• Goufe sämtlech Clienten – d. h. souwuel Persounen, déi virum 27.06.2018 e Kontrakt mat engem Telekomsoperateur ofgeschloss hunn, ewéi och déi, déi no dësem Datum Client goufen – informéiert, datt déi Daten, déi si hirem Provider op Basis vun enger relation contractuelle ginn hunn, un de Staat weidergi goufen?
Falls jo: Wéi goufen déi Betraffen informéiert a wéi gouf d’Anhale vun der Informatiounsflicht kontrolléiert?
Falls nee: Firwat net?
• Wéini gouf deen éischten Transfert vun Donnéeë gemaach?
• Wéi vill Requête goufe vum Procureur d’Etat, dem Juge d’instruction, den OPJen, dem Centre d’appels d’urgence vun der Police an dem SRE bis haut jeweils duerchgefouert ? - Wéi gëtt kontrolléiert, datt d’Informatiounen iwwert de Gebuertsuert richteg sinn – wëssend datt dësen op den neien Identitéitskaarten net vermierkt ass? Wien ass am Fall vun enger falscher Kommunikatioun un den ILR haftbar?
- Vue datt d’Gesetz vum 27. Juni 2018 eréischt nom RGPD a Kraaft getrueden ass, ass de Minister der Opfaassung, datt et konform mam Gedanke vum RGPD ass, Daten, déi fir den Zweck vun enger relation contractuelle erhuewe goufen, och am Kader vun engem ganz neien Zweck – nämlech deem vun der Ënnerhalung vun engem Fichier Central – ze notzen, ouni déi betraffe Clienten ëmfaassend iwwert des Praxis vun der Dateniwwermëttlung un den ILR ze informéieren, respektiv hiren explizitten Accord ze froen?
- D’Gesetz gesäit fir, datt fir all Consultatioun vum Fichier e Grond muss ugi ginn. Gëtt systematesch kontrolléiert, ob déi genannte Grënn och fondéiert sinn?
• Falls nee: Firwat net? - Vue datt mat Ausnam vum SRE a vum Noutruff just dierf am Kader vum Artikel 48-27 vum Code de procédure pénale op de Fichier Central vum ILR dierf zougegraff ginn, ginn d’Utilisateuren gefrot, fir d’Aktenzeeche vun enger Enquête beim déclaréiren vum Grond vun der Requête mat un ze ginn?
• Falls nee: Firwat net?
• Falls jo: Wéi vill Requête ginn an der Moyenne pro Enquête gemaach? - Den Artikel 10bis vum Gesetz vum 30. Mee 2005 gesäit säit dem 27. Juni 2008 en Zougrëff op de Fichier Central fir d’centres d’appels d’urgence de la police grand-ducale fir. Fir den 112 gouf dogéint scho mam Gesetz vum 28. Juli 2011 eng Léisung fonnt, déi ouni zentral Datebank auskennt. An deem Kontext stellt sech d’Fro: Firwat gouf 2018 decidéiert, eng aner Dispositioun fir den 113 ze wielen wéi fir den 112 a wéi eng Virdeeler erginn sech fir den 113 duerch dës Sonderreegelung?