“Zero Rating”: Onbegrenzten Datevolume fir just e puer Apps

Verschidden Telekommunikatiounsubidder erméiglechen et hire Clienten Abonnementer ofzeschléissen, bei deene gewëssen Apps oder Websäite kenne benotzt ginn, ouni dass dës den Datevolume, deen engem pro Mount zu Verfügung steet, reduzéiere géifen. Souguer wann ee Client säin Datevolume ganz opgebraucht huet, kann ën des Apps a Websäiten nach weider benotzen, ouni Read more…

Kéint de Verkaf vun Eltrona zu engem Monopol féieren?

Wéi d’Plattform broadbandtvnews.com an engem Online-Artikel vum 25te Februar beriicht, wäert eng zu Lëtzebuerg féierend Firma am Telekommunikatiounsberäich (Eltrona) vun enger belscher Telekom-Grupp (Telenet) iwwerholl ginn. Dat Nennenswäert bei dëser Iwwernam ass, dass d’POST ugekënnegt huet, seng 34% Undeelsaktien vun der lëtzebuergescher Firma wäerten un de belsche Grupp ze verkafen. An deem Zesummenhang Read more…

Crypto AG – Spionage duerch CIA a BND

Aus den internationale Medien ass de Public an de leschten Deeg gewuer ginn, dass d’CIA an de Bundesnachrichtendienst (BND) iwwert eng Schäinfirma an der Schwäiz mam Numm Crypto AG a ronn 120 Länner souwuel Feind ewéi och Frënd ausspionéiert hunn. Dës Firma huet un aner Länner Verschlësselungstechnik ugebueden an huet esou iwwert agebauten Hannerdieren – sougenannte “Backdoors” – Geréiter a Softwareprogrammer vun de Clienten konnten ausspionéieren. Doduerch konnten den amerikaneschen an den däitschen Noriichtendéngscht verschlësselt Kommunikatioun iwwerwaachen a matliesen.

Weiderliesen

Ministerautoe fir privat Trajeten?

An engem RTL-Reportage vum 3te Februar 2020 huet den Ex-Wirtschaftsminister folgend Behaaptung gemaach:

„Dat eenzegt, wat mir wäert feelen, ass datt ech mech net méi hannen an den Auto sëtze kann a vir wäert ee fueren. Bis e Kolleeg mech drop opmierksam gemaach huet, dass ech och keen Auto méi hunn ab dem 5. An dat ass effektiv richteg, elo muss ech mech och nach dorëms këmmeren.”

Weiderliesen

Wéi ass d’Roll vum Partner vu Regierungsmemberen zu Lëtzebuerg gereegelt?

De 24te Januar 2020 huet de Sonnerbeoptraagte vum Premierminister säi Rapport iwwert de groussherzoglechen Haff deposéiert. Am Rapport gouf nieft der Finanzgestioun nämlech och d’Organisatioun vum Haff an dorënner d‘Roll vun der d‘Grande-Duchesse ënnert d’Lupp geholl. Hei schreift de Rapporteur:

(1)„[…] le rôle de la Grande-Duchesse qui exerce une fonction purement représentative ne devrait pas être un sujet de discussion.“ (Säit 30)

Weiderliesen

Voll Bréifkëschten a vill Dreck – gehéiert Werbung an der Bréifkëscht ofgeschaaft?

Verschidde Stied an Holland hunn säit knapps engem Joer hir Quantitéiten u Pabeieroffäll duerch eng simpel Mesure reduzéiert, wéi verschidden Zeitungen am Ausland beriichten. Deemno kënnen Haushälter an Holland duerch een Opt-in decidéieren, ob si wëlle Werbung a Form vu Pabeier an hier Bréifboîte gehäit kréien. Dofir mussen si nëmmen op hirer Bréifboîte uginn, dass si Werbung Read more…

Besser Konditioune fir Persounen déi 24h pro Dag intensiv Fleeg brauchen?

Chronesch-kritesch krank Patiente brauche 24h op 24h a 7 Deeg op 7 en Encadrement, dat hire spezifesch Besoine gerecht gëtt. Patiente mat chronesch-obstruktive Longenerkrankungen, amyotropher Lateralsklerose (ALS) oder anere schwéieren neurologeschen Erkrankunge brauchen, genee ewéi och Patienten, déi vum Locked-In-Syndrom betraff oder an engem Wachkoma sinn, eng spezifesch Prise en Read more…