D’Patiente beschtméiglech informéieren

Published by Piraten on

D’Gesetz vum 24. Juli 2014 reegelt souwuel d’Opklärung wéi och de Consentement vum Patient a schreift explizitt:

“ll incombe à chaque professionnel de santé d’informer le patient dans un langage clair et compréhensible, adapté aux facultés de compréhension de ce dernier. [….] 

(4) Les soins de santé à un patient disposant de la capacité nécessaire ne peuvent être prestés que moyennant son consentement préalable, libre et éclairé, donné à la suite d’une information adéquate.”

Dëst Zitat aus dem Gesetz weist kloer, datt en Dokter muss transparent a verständlech informéieren, éiert e Patient oder eng Patientin enger Prozedur ënnerzu ginn. D’Kliniken hunn op d’Dispositiounen aus dësem Gesetz gréisstendeels mat Standard-Formulairë reagéiert, déi d’Patientinnen an d’Patienten heefeg just nach zur Ënnerschrëft virgeluecht kréien. Ech gouf informéiert, datt dëst heefeg géif geschéien, ouni datt d’PatientInnen eng Kopie vun deem Dokument kréichen oder Zäit géife kréien, fir dat ganzt Dokument virun hirer Ënnerschrëft duerchzeliesen. Do dernieft solle bei esou Dokumenter a verschiddene Fäll och Alternativen zum virgeschloenen Traitement net opgelëscht, also um Formular vum Dokter net ausgefëllt ginn. An deem Moment, wou eng Patientin oder e Patient e Consentement muss ginn, ass dës Persoun an enger immens vulnerabeler Positioun an dofir ass d’Kontroll vun den Dispositioune vum Gesetz vun 2014 besonnesch wichteg.

An deem Zesummenhang huet de Sven Clement folgend Froe gestallt:

  • Wéi, vu wiem a wéi heefeg, gëtt d’Anhale vun den Oplagen aus dem Gesetz vum 24. Juli 2014 kontrolléiert? 
  • Wéi ginn d’Formatiounen an de Spideeler duerchgefouert a gemonitored, fir ze garantéieren, datt d’Mataarbechter d’Patienterechter kennen, respektéieren a souguer schützen?
  • Wéi gi PatientInnen iwwert hir Rechter, wat de Schutz vun hirer Privatsphäre ugeet, informéiert a wéi ginn d’medezinesch Daten am Klinikkontext geschützt?
  • Wéi schätzt de Minister de Respekt vum Dateschutz an och vum « Secret Médical » an, a Situatiounen, an deenen e puer Persounen zesummen an engem Zëmmer ënnerbruecht ginn?
  • Wéi ass d’Bettenauslaaschtung vun de Spideeler zu Lëtzebuerg a wéi sollen sech geplangte Projeten dorobber auswierken?

0 Comments

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.