ACCOUNT

Keng Plaz am Zuch fir Passagéier zweeter Klass?

An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°1710 vum honorabelen Deputéierte M. Schank confirméiert de Minister d’Iwwerlaaschtung vu verschiddenen Zich. De Minister schreift, dass duerch d’Bäikafe vun neie Waggonen d’CFL an de nächste Joren d’Passagéierkapazitéite fir d’éischt an déi zweet Klass erhéije wäert. Am Uschloss op dës Fro wéilt ech dem Minister folgend Froe stellen: Wéi vill Sëtzplazen existéieren aktuell an allen… Continue reading Keng Plaz am Zuch fir Passagéier zweeter Klass?

Zuchlinn Eislék – Méi séier, méi Netz!?

De Marc Goergen huet beim Minister Bausch nogefrot wat a Saachen Zuchlinn Richtung Eislék mëttel- a laangfristeg geplangt ass. Wat gëtt gemaach, datt den Trajet manner laang dauert? Wéi steet et em Wifi am Zuch? Wéivill gouf an de leschte Joren op dëser Streck wierklech investéiert? An engem Mount wësse Mir méi.

Schlecht Aarbechtskonditiounen an ee Mangel u Lokführer bei der CFL?

Lokführer ze sinn, ass ee schankenhaarde Beruff: nieft der héijer Responsabilitéit eng 7000-PS-staark Maschinne korrekt ze manövréieren, schaffen d’Lokführer an engem onréigelméissegen Zäitplang Dag a Nuecht – oft och d’Feierdeeg – a sinn doriwwer eraus och fir d’Sécherheet vun dausende Passagéier responsabel, déi all Dag matfueren. Wéi aus verschiddene Froe vun de Gewerkschafte souwéi de… Continue reading Schlecht Aarbechtskonditiounen an ee Mangel u Lokführer bei der CFL?

Kamerabiller bei den CFL – Nofro

A menger parlamentarescher Fro n°1251 wollt ech méi iwwert d’ Iwwerwaachungsmesurë vun der CFL wëssen. D’Äntwert vum Minister liwwert Informatiounen iwwert déi jeeweileg Späicherfristen, d’Accèse souwéi d’Consultatioune vum Iwwerwaachungsmaterial. An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen: An der Äntwert schwätzt den Här Minister op verschiddene Platze vu befugte Persounen. Wien sinn dës… Continue reading Kamerabiller bei den CFL – Nofro

FRO.LU Manuel Synchronisatioun vu mobilitéit.lu

Eng Fro gouf gestallt op FRO.LUD’Piraten hunn nogefrot: Viru Kuerzem huet de Minister fir Mobilitéit d’Aktualiséierunge vun der Mobilitéits-App virgestallt. Duerch technesch Neierunge kennen d’Passagéier elo an Echtzeit gesinn, wann hire Bus ze spéit ass. Allerdéngs ass eis zougedroe ginn, dass d’Moderniséierung vun der Mobilitéits-App beim Schinnentransport Problemer huet. Op Nofro beim Verkéiersverbond gëtt een… Continue reading FRO.LU Manuel Synchronisatioun vu mobilitéit.lu

Kamerabiller bei den CFL

An den Zich, de Garen souwéi an de Busser vun den CFL ginn d’Reesender vun Iwwerwaachungskameraen opgeholl. Mam Akraafttriede vum GDPR am Mee 2018 huet sech d’Legislatioun ronderëm den Asaz a Gebrauch vu Kameraen allerdéngs verschäerft.  An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen: Ween ass de Responsabele fir den Traitement vun de… Continue reading Kamerabiller bei den CFL

CFL-Guichete mussen erhale bleiwen!

D’PIRATE fuerderen d’Regierung op, d’CFL-Guichete bäizebehalen an déi néideg Investissementer bereetzestellen fir innovativ Produiten a Servicer op de Garen unzebidde an d’Personal vun de Guicheten hei mat anzebannen. Mir bedaueren, dass d’Gemengen net schonn am Virfeld an d’Planung vun de Guichete mat agebonne goufen an dass virun allem den Norden vum Land vun de d’Schléissungen… Continue reading CFL-Guichete mussen erhale bleiwen!

Immobiliepark vun den CFL

Under construction. Building construction with scaffolding, blue sky background

Wunnraum ass eng denrée rare zu Lëtzebuerg a grad beim lokative Wunnraum ass e Maktem ze constatéieren, deen och d’OECD an hirem rezente Rapport iwwert Lëtzebuerg ugemierkt hunn. D’CFL ass als Betrieb, deen dem Staat gehéiert, och am Immobilieberäich aktiv, dëst iwwert hir Duechtergesellschaft CFL-Immo S.A. . Am Joresrapport vun 2018 vum Groupe CFL liest… Continue reading Immobiliepark vun den CFL

Sécherheet fir CFL-Mataarbechter

No de Geschéinisser vum leschte Weekend wëlle mer vum Minister Bausch wëssen, wéi et mat der Sécherheet vum Personal bei der CFL steet. D’Geschéinisser an eisen Zich a Garen däerfen eis net kal loossen a mir wëllen, dass virun allem d’Nuetszich mat méi Sécherheetspersonal fueren. De leschte Weekend koum et op der Gare vun Oetrange… Continue reading Sécherheet fir CFL-Mataarbechter