Behënnertegerecht staatlech Internetsäiten an Appen – Nofro

Laut dem Gesetz vum 28.05.2019 muss de Staat seng Internetsäiten an Applikatioune behënnertegerecht gestallten. Persoune mat enger Behënnerung, déi trotzdeem op Problemer stoussen, wann se wëllen déi staatlech Siten oder mobil Applikatioune benotzen, kënne beim Service d’information et de presse (SIP) eng Reklamatioun areechen. 13 Persounen hunn dëst Joer schonn Read more…

FRO.LU: Neie Fournisseur fir medezinesche Cannabis

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. An enger virrechter parlamentarescher Fro, huet d’Santésministesch erkläert, dass no der Procédure ouverte accélérée elo een neie Fournisseur fir medezinesche Cannabis fonnt gouf. D’Bestellunge schénge gemaach an de Ministère schätzt, dass déi éischt Liwwerungen Enn September zu Lëtzebuerg ukommen.  An deem Zesummenhang hu mir Read more…

Virsiicht mat Uebst a Geméis aus dem eegene Gaart

De Gesondheetsministère huet de 27te Juli ee Communiqué erausginn, an deem en d’Leit warnt, kee Geméis an Uebst aus dem eegene Gaart ze consomméieren, well no den Iwwerschwemmunge Mëtt Juli vill gesondheetsschiedlech Chemikalien a Bakterien d’Uebst an d’Geméis an de Gäert kéinte kontaminéiert hunn Wärend den Iwwerschwemmunge goufen awer net Read more…

Dresscodes am Sport

D’Kleederuerdnunge vu verschiddene Sportverbänn schreiwe fir d’Frae méi enk a kuerz geschnidden Trainingskleedung vir, wéi fir d’Männer. Obwuel et kee Vir- oder Nodeel fir d’Ausübung vum Sport huet, gesi vill Reglementer vir, dass Frae wärend Kompetitioune musse Kleeder droen, déi méi Haut weisen, wéi déi vun de männleche Sportler. Verstéiss Read more…

An d’Vakanz mam Nuetszuch? – Partie 3

Wéi Der Spiegel an engem Artikel vum 23te Juli 2021 beriicht, wäert d’Deutsche Bahn a Kooperatioun mat aneren europäeschen Eisebunnen ab Dezember nei europäesch Verbindunge fir Nuetszich ubidden. De Spriecher vun der Deutsche Bahn sot zu dëser Approche Folgendes: “Wenn in Europa jeder ein bisschen Nachtzug macht, dann ist damit der Zukunft des Nachtzugs wenig Read more…

Juegdtrophäen: kloer nee!

Zu Lëtzebuerg suergen Annoncen vu verschiddenen Immobilien reegelméisseg fir Empörung. Oft leit et un de Präisser, déi fir ee Bien gefrot ginn. Bei enger rezenter Annonce op enger bekanntener Immobilieplattform um Internet war et awer net de Präis vum Haus, dee schockéiert, mee de Fakt, dass op gewësse Fotoen vun Read more…

FRO.LU: Ginn d’Lizenzrechter bei staatlechen Apps respektéiert?

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. D’Applikatiounen Covidcheck an Gouvcheck benotzen zum groussen Deel Opensource-Lizenzen. Wéi et ausgesäit, schéngen d’Lizenzbedingungen vun de genotzten OpenSource-Lizenzen “Apache 2.0.” an “MIT” net respektéiert.  An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt: Wéi eng Libraries goufe benotzt, déi ënnert dei jeeweileg Lizenze Read more…

Schëffer ënnert Lëtzebuerger Flagg

D’lëtzebuergesch Schëffsflott beschränkt sech net eleng op d’Booter, déi op der Musel fueren, mee et gi Schëffer, déi ënnert lëtzebuergeschem Fändel an internationale Gewässer ënnerwee sinn. A menger parlamentarescher Fro n°876 wollt ech méi iwwer déi Schëffer wëssen, déi zwar zu Lëtzebuerg an engem maritimme Regëster ugemellt sinn, mee seele Read more…