Eng Fro zum Archivage vu perséinlechen Donnéeë bei der Police

Nodeems eng Persoun eis iwwert äis Participatiouns-Websäit http://fro.lu dorops opmierksam gemaach huet, datt si trotz vergaangene Veruerteelungen vun der Police gesot kritt huet, datt dës keng Donnéeën iwwert si gespäichert hätt, hunn mir beim Minister fir Bannenzeg Sécherheet nogefrot, wei et mam Archivage bei der Police ausgesäit.

Folgend parlamentaresch Fro hu mir gestallt:

Nodeems e Bierger e Relevé vu senge perséinlechen Donnéeë bei der Police ugefrot hat, krut hien folgend Äntwert vu Säite vun der Police:
“Il résulte de nos recherches que la Police Grand-Ducale ne traite pas de données à caractère personnel vous concernant dans ses fichiers Fichier central, Journal des incidents, Informations policières.“
Allerdéngs ass de besote Bierger an den Achzeger a Nonzeger Jore verhaft a veruerteelt ginn. Zousätzlech ass 2009 nach eng Plainte géint dës Persoun deposéiert ginn. Eisen Informatiounen no, sinn di genannten Infraktioune vu viru méi wéi 25 Joer an de Fichiere vun der Douane nach accessibel, an dat a vollem Ëmfang.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Wéi ass et méiglech, datt bei der Police offensichtlech keng Informatioune méi iwwert dës Infraktiounen existéieren a wéi ass et ze erklären, datt bei der Douane nach ëmmer all d‘Tracen zu de besote Fait‘en erëmzefanne sinn?
  • Wien genee huet nach Accès op dës Fait‘en, déi méi wéi 10 Joer zréckleien? Wéi eng Méiglechkeete bestinn an deem Kader jeeweils fir d‘Police, d‘Douane an d‘Justiz, fir op dës Informatiounen zréckzegräifen?
  • D‘Informatiounen aus der „Partie Archivage“ vun der Police (déi jo bekanntlech laut GDPR och eng Datebank ass) ginn net evoquéiert – firwat net? Wéi eng Administratiounen, voire Instanzen, hunn Accès op dës Donnéeën? 
  • Ginn déi archivéiert Donnéeën, konform zum Artikel 15 vum Règlement (UE) 2016/679 du Parlement européen et du Conseil du 27 avril 2016 relatif à la protection des personnes physiques à l’égard du traitement des données à caractère personnel et à la libre circulation de ces données, un auslännesch Autoritéiten weidergeleet ? Wa jo, u wien, a goufen déi concernéiert Persounen dovun a Kenntnis gesat?
  • Wann eng Biergerin oder e Bierger, iwwert d’Lettre modèle vun der CNPD, en Auszuch aus senge Police Fichieren ufreet (Fichier central, Journal des incidents, Informations policières, etc.), kritt déi concernéiert Persoun da gewéinlech och d‘Informatioune matgedeelt déi an der „Partie Archivage“ stinn? 
  • Funktionéiert de Fichier vun der Douane no de selwechte Prinzipien wéi dee vun der Police? Wa jo, ginn also och bei der Douane Faiten, déi méi wéi 10 Joer zréck leien automatesch an d‘„Partie Archivage“ iwwer? Wa jo, figuréieren dës Donnéeën um Relevé, deen ee mat Hëllef vum Formulaire vun der CNPD kann ufroen?
  • Ass vun de Ministeren Bausch a Braz aus virgesinn, ee Formulaire bereet ze stellen, deen et dem Bierger erméiglecht sämtlech Donnéeën, déi iwwert en existéieren, iwwert eng zentral Ulafstell unzefroen, fir sou dem wuessenden Wonsch säitens de Biergerinnen a Bierger no méi engem konsequente Schutz vu perséinlechen Donnéeën gerecht ze ginn?

Mat déiwem Respekt,

CLEMENT Sven

Zesummenhang posts

Präsent vum Präsidium waren : Gilles, Marc, Sven, Mandy, Camille, Starsky, Raymond.  Debut 9h00, Schluss 15h00 Walanalyse 2023 (Huis Clos)  D’Parteileedung huet aus strategesche Grënn
De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter