CNPD: Verstouss géint de Schutz vu persounebezunnen Daten

D’CNPD, d’Commission nationale pour la protection des données, huet ënnert anerem d’Aufgab ze kontrolléieren, dass déi national an europäesch Dateschutzgesetzer zu Lëtzebuerg konform applizéiert ginn. Gläichzäiteg ass d’CNPD och responsabel fir Reklamatiounen ze traitéieren, wa Persounen, Organisatiounen, Organismen oder Associatioune mellen, dass géint hier Rechter am Beräich vum Dateschutz verstouss gouf.

Elo soll et am vergaangene Joer awer bei der CNPD selwer zu engem Verstouss géint den RGPD (règlement général sur la protection des données) komm sinn, well perséinlech Date vun den Newsletterabonnente vun der CNPD an d’USA iwwermëttelt goufen, obwuel d’CNPD uginn hat, dass dës op Server a Frankräich géifen traitéiert ginn an d’EU soumat net géife verloossen. Hannergrond war den Ëmstand, dass den europäeschen Ubidder, iwwert deen den Newsletter gelaf ass, vun enger amerikanescher Firma opkaf gouf, an d’CNPD verpasst hat dës Ännerung hiren Abonnente matzedeelen.

Dëse Verstouss werft d’Fro op, ob hei de Kontrolleur selwer net och kontrolléiert misst ginn.

Wéi Paperjam den 11.01.2021 gemellt huet, huet D’CNPD entretemps d’Zesummenaarbecht mam besoten Ubidder bëend, wärend de CTIE, de Centre des technologies de l’information de l’Etat, awer weiderhin op dësen Ubidder setzt.

An deem Zesummenhang hu mir dem Minister dës Froe gestallt:

  • Ass dee genannte Verstouss säitens der CNPD dem Minister bekannt?
  • Ass bekannt, wisou verpasst gouf, déi betraffe Persounen am Virfeld iwwert d’Changementer beim Ubidder ze informéieren, a gouf eppes gemaach, fir dass esou Feeler an Zukunft net méi geschéien?
  • Deelt de Minister d’Aschätzung vun der CNPD, dass de Verstouss net grouss genuch war, fir geméiss dem Artikel 34 vum RGPD déi betraffe Persounen iwwert e Verstouss géint de Schutz vu persounebezunnen Daten ze informéieren? Op wéi eng Argumenter stäipt sech dës Aschätzung?
  • Wéi assuréiert d’Regierung, dass Persounen, déi eng Verletzung vum Schutz vun hire persounebezunnen Date wëlle mellen, dëst och kënne maachen, wann de Verstouss vun der CNPD selwer ausgaangen ass? 
  • Bräicht et eng zweet Ulafstell, fir Plainten ze traitéieren, ëm déi sech d’CNPD net këmmere kann, well si selwer betraff ass?
  • Goufe vum CTIE sämtlech betraffe Persounen doriwwer informéiert, dass hier Daten elo a Staaten ausserhalb vun der EU iwwermëttelt kënne ginn?
  • Ass de Minister der Meenung, dass et fir d’Regierung vertrietbar ass, weiderhi mat enger Entreprise zesummen ze schaffen, déi aus Sicht vun der CNPD, den Uspréch un den Dateschutz net méi vollstänneg gerecht gëtt?

Verlaf an der Chamber

Fro n°3437

Zesummenhang posts

Den europäesche Rechnungshaff huet a sengem Bericht 27/2024 festgestallt, datt just 16 Prozent vun den ausgetauschte Meldungen zu grenziwwerschreidende Steiergestaltunge vun de fënnef ënnersichten
Rezent Medieberichter no huet den Direkter vum Atomkraaftwierk zu Cattenom fir d’éischt d’Méiglechkeet vun engem neie Reakter vum Typ EPR op der Plaz ugeschwat.
An der Aktualitéit gouf e Fall public, wou eng Koppel, déi zënter 2022 zesummen ass an e Kand huet, net d’Méiglechkeet kritt sech ze