Wéi sécher ass d’Kommunikatioun vu Regierungsmemberen?

Ëmmer erëm kënnt et vir, dass héij politesch Vertrieder oder Privatpersounen hieren Telefon gehackt kréien. Dat weist, dass souguer Persounen op héije Poste kënnen ausspionéiert ginn, wann hir Kommunikatioun net verschlësselt ass. D’Donnéeën, déi den Datendéif an dem Fall klaut, kënnen, wann se an déi falsch Hänn geroden, ee grousse Schued uriichten. Virun allem ëffentlech Mandatsdréier, wéi Ministeren, sinn engem héije Risiko ausgesat, ausspionéiert ze ginn. Aus deene Grënn ass et wichteg, dass Volleksvertrieder op héije Posten hir Kommunikatioun verschlësselen, zum Beispill duerch Cryptohandyen.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Benotzen d’Regierungsmembere fir hir Kommunikatioun normal Handyen oder benotzen si Cryptohandyen?
  2. Benotzen d’Regierungsmemberen méi wéi een Handy oder Telefon am Alldag? Falls jo, benotzen all dës Handyen eng verschlësselt Kommunikatioun?
  3. Mat wéi enge weidere Mesurë schützen d’Ministeren d’Donnéeën, déi d’Sécherheet vum Lëtzebuerger Staat a Gefor brénge kéinten?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene