Dateschutz bei Stroummoossapparater

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Kommunikatioun & Medien & Energie weiderzeleeden.

Op Basis vum ofgeännerte Gesetz vum 19te Juni 2015 iwwert d’Organisatioun vum Stroummarché ginn zur Zäit iwwerall am Leit déi nei intelligent Stroummoossapparater  “Smarty” installéiert. Dës Generatioun vu Compteur huet gewësse Virdeeler: de Verbraucher kritt méi Informatiounen iwwert säi Stroumverbrauch an d’Firme brauchen d’Moossapparater net méi ofliesen ze komme fir de Stroumverbrauch ze schätzen.

300’000 Compteure solle bis Enn 2020 installéiert ginn. Dëst och an der Hoffnung dass dës Informatiounen hëllefen de Stroumverbrauch ze senken, well eng méi präzis Aschätzung vum Stroumverbrauch féiert dozou, datt de Stroumverbrauch kann optimiséiert an d’Ressourceverschwendung verhënnert ginn. Elo ass et awer esou, dass net nëmmen d’Verbraucher dës Informatioune kréien, mee natierlech och d’Fournisseure vum Stroum.

Laut groussherzoglechem Reglement vum 27ten August 2014 ginn d’Daten zum Stroumverbrauch all 15 Minutten um Moossapparat gespäichert a mindestens eemol den Dag un d’Zentral geschéckt. Do ginn se dann bis zu 15 Joer gespäichert.
Vun der Firma heescht et dozou:

La granularité (quart horaire ou horaire) des données de consommation globale de l’installation client ne permet pas d’identifier les appareils individuels du client, ni d’en déduire des comportements précis d’occupants.

D’CNPD schreiwt dozou an hirem Avis (n°566/2013) vum 13ten Dezember 2013 Folgendes:

La Commission nationale estime qu’une conservation des données au “quart-horaire” […] pour une périodede quinze ans permet d’obtenir un profilage exrêmement détaillé des habitudes des individus, de sorte que les intérêts et les droits et libertés de la personne concernée prévalent sur les intérêts des gestionnaires de réseaux […].

Um Internsite vun der CNPD Internetsite heescht et weider:

En collectant les informations toutes les 10 à 30 minutes, ils génèrent une masse de données dont on peut déduire des informations très personnelles sur les habitudes des usagers. De plus, si on connaît la consommation d’électricité d’une maison, il est notamment possible de savoir dans quelle pièce se trouvent les habitants, quand ils sont présents et quand ils dorment.

  1. Firwat ass entscheet ginn, d’Informatiounen iwwert de Stroumverbrauch vun de Leit an esou engem intensive Rhythmus ze sammelen?
  2. Firwat huet d’Regierung trotz dem kriteschem Avis vun der CNPD entscheet, fir dëse Rhythmus am groussherzogleche Reglement festzehalen?
  3. Am Sënn vum Dateschutz: fannen d’Ministeren, dass een dem Konsument muss d’Méiglechkeet ginn, fir kënne bei der Firma unzefroen, dass seng Informatiounen net an engem 15-Minutten-Takt vum Moossapparat gespäichert ginn, mee, zum Beispill, nëmmen 1 mol den Dag?
  4. Fannen d’Ministeren net, dass di gesammelt Daten nodeems se fir hier ugeduechten Zwecker genotzt goufen, zesummegefaasst gi missten an dann no enger méi kuerzer Zäit komplett geläscht misste ginn, sou wéi d’CNPD dat och an hirem Avis proposéiert hat?
  5. Wäert d’Regierung Ännerungen um groussherzogleche Regleement virhuelen a falls  jo, wéi eng a bis wéini?

Fro n°3275

Verlaf an der Chamber

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat