Dateschutz vu Videokonferenzen mat Zoom?

Wéi d’Plattform heise.de an engem Artikel vum 25te Mee 2020 beriicht, soll de Videokommunikatiounsdéngscht Zoom net den europäeschen Dateschutzufuerderungen entspriechen. D’Plattform bezitt sech hei op d’Informatioune vum Bundesdatenschutzbeauftragten an Däitschland, dee bemängelt, dass d’Plattform net end-to-end verschlësselt ass. Och d’Lëtzebuerger Wort hat an engem Artikel vum 23ten Abrëll 2020 doriwwer beriicht. 

Gläichzäiteg gouf d’Plattform awer och an de lëtzebuergesche Ministère benotzt. Esou huet d’ANF beispillsweis Videokonferenz zum Thema “Koexistenz Mensch-Wolf” iwwer Zoom organiséiert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Deelt d’Regierung d’Aschätzung vum Bundesdatenschutzbeauftragte betreffend dem Videokonferenzdéngscht Zoom?

  2. Huet de lëtzebuergesche Staat a Vergaangenheet vum Videokonferenzdéngscht Zoom Gebrauch gemaach? Falls jo,
    • kënnen d’Ministeren eng Oplëschtung vun alle Videokonferenze maachen, an deenen Informatioune betreffend dem Lëtzebuerg Staat op engem amerikanesche Server gelant sinn?
    • firwat benotzt d’Regierung keng Videokonferenzdéngschder, déi op europäesche Servere lafen?

  3. Wäert d’Regierung an Zukunft weiderhin op Videokonferenzprogrammer setzen, déi op amerikanesche Servere lafen? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2323

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene