Deprecated: Use of "self" in callables is deprecated in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/a2-optimized-wp/core/A2_Optimized_CacheEngine.php on line 119
Dateschutzkonformitéit vu Formstack – PIRATEN
Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

Dateschutzkonformitéit vu Formstack

An enger rezenter Fro n°2194 hat ech den Educatiounsminister ëm d’Dateschutzkonformitéit vun engem Formstack-Formulaire gefrot. Effektiv gi bei Formstack d’Donnéeën op een US-Server geleet, also ausserhalb vum europäesche Geltungsberäich vum europäeschen Dateschutzreglement (GDPR).

An der Tëschenzäit goufen och weider Dokumenter vum Educatiounsministère iwwer Formstack op d’Plaz gesat, wou och erëm sensibel Donnéeë vu Mannerjärege gefrot goufen.

De Minister hat mir op meng Fro geäntwert, datt d’Erhiewe vun Donnéeën zu Lëtzebuerg mat Formstack dateschutzkonform wär, well Formstack ënnert dem EU-US Privacy Shield konform zertifiéiert wär. 

Ma genee dëse Privacy Shield gouf an engem Urteel vum Europäesche Geriichtshaff de 16te Juli 2020 ënnert d’Lupp geholl a vun de Riichter fir ongëlteg erkläert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Sinn nom Urteel vum EuGH de 16te Juli 2020 nach Formulairë vu Formstack beim Educatiounsministère aktiv gewiescht? Falls jo, op wéi enger legaler Basis?

  2. Wäert de Minister an Zukunft, ugesiichts vun der Rechtskräftegkeet vum EuGH-Uerteel, weiderhin op Formstack-Formulairen zeréckgräifen? 

  3. Huet den Educatiounsministère mëttlerweil eng dateschutzkonform Léisung fir d’Opstelle vun esou Dokumenter fonnt?

  4. De Bildungsminister huet an der vireger Äntwert Folgendes geschriwwen:
    “Et ass esou, datt de MENJE weess, datt eng Formstack-Ënnerschrëft net den néidege Kriterie vum elDAS entsprécht an dofir am Prinzip net op Formstack-Formulairen an deem Kontext soll benotzt ginn. Allerdéngs kann eng Persoun iwwert eng Formstack-Ënnerschrëft seng aktiv Awëllegung ginn, konform zum Artikel 7 vum GDPR.”

    Firwat huet de Minister an deem Fall kee Gebrauch vun der Plattform “myguichet.lu” gemaach, wou d’Biergerinnen a Bierger sech ganz nom eIDAS-Reglement authentifizéieren kënnen a wou schonns zënter Joren eng Villzuel vun administrativen Demarchen duerchgefouert ginn?

  5. De Bildungsminister huet erkläert, dass aus Komplexitéit- a Käschtegrënn op de professionellen, “intelligente” Formulaire vu Formstack zeréckgegraff ginn ass. Kann den Digitaliséierungsminister erklären, firwat den CTIE mat engem Budget vun 155 Milliounen Euro net déi néideg Ressourcen huet, fir selwer esou Formulairen opzestellen? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2636

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll