ACCOUNT

Cash oder Kaart?

Mir sinn drop opmierksam gemaacht ginn, dass et zu Lëtzebuerg ëmmer nach Parkaueren- a Keese ginn, déi nëmme mat Mënz fonctionnéieren. A verschiddene Gemenge gesinn dës Parkauere grad eng Renaissance. An dem Kontext stellt sech Fro, ob een däerf gezwonge ginn zu Lëtzebuerg eng Bezuelmethod ze bevirzéien? Mëscht et an dem Fall nach Sënn, de Mënzportmonnie der Kreditkaart… Continue reading Cash oder Kaart?

Et ass ze waarm fir Déierentransporter!

Wéinst den héijen Temperaturen hu mir dem Landwirtschaftsminister Romain Schneider eng dréngend parlamentaresch Fro gestallt, wéini en endlech gedenkt d’Déierentransporter zäitlech ze verbidden. Frankräich ass scho gëschter mam gudde Schrëtt virgaangen an huet d’Déierentransporter zäitweileg verbueden bis d’Temperaturen erëm erof ginn (Hei den Artikel). Mir Pirate froen eis, wéi eescht des Regierung den Déiereschutz wierklech hëlt? Hei ass eis… Continue reading Et ass ze waarm fir Déierentransporter!

Nofro op eis Question parlementaire iwwert de Findel

White commercial airplane standing on the airport runway at sunset. Passenger airplane is taking off. Airplane concept 3D illustration.

No engem laange Waarden hu mer misste feststellen, dass d’Äntwerten op eis parlamentaresch Fro n°615 zimlech kuerz ausgefall sinn. Dofir hu mir zu verschiddene Punkte vun der Fro nach eng Kéier nogehaakt hunn. Hei ass eis nei Fro: A menger parlamentarescher Fro n°615 hat ech den honorabele Minister Bausch iwwert den Incident vum 23. Februar 2019 um… Continue reading Nofro op eis Question parlementaire iwwert de Findel

Wou bleiwen d’Remboursementer vun der CMFEP?

Line Queue Row Waiting Standing Crowded Group

Bei der Krankekeess vun de Fonctionnairen a Staatsbeamten (CMFEP) daueren d’Remboursementer aktuell ëm déi 6 Wochen. Mir hu bei deenen zoustännege Ministere nogefrot, wou et hänkt: Hei ass eis Fro: Här President, Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Sozialversécherung & Ëffentlechen Déngscht weiderzeleeden.… Continue reading Wou bleiwen d’Remboursementer vun der CMFEP?

Wéi kennt een un d’Donnéeën vun engem fixe Radar?

Highway Car Speeding with Motion Blurs. Car Driving Concept.

Mir wëlle vun der Regierung wëssen, wéi eng Rechter Beschëllegter hunn, déi vun engem fixe Radar geblëtzt gi sinn. Des Weidere wëlle mir wëssen, ob an Zukunft d’Läit iwwert Internet hir Extraiten vun de Fotoen ufroe kennen. Hei ass eis Fro: Wéi déi däitsch Medie mellen, ginn et bei eisem Nopeschland vill Problemer mat de… Continue reading Wéi kennt een un d’Donnéeën vun engem fixe Radar?

Huet den Aarbechts- a Sportminister seng Kompetenzen iwwerschratt?

No den Attacken op zwee Tanker am Golf vum Oman, huet den Här Aarbechts- a Sportsminister Dan Kersch Stellung op de soziale Medie geholl an duergestallt, dass hien net mat Krichshandlunge géint den Iran averstane wär. Hei schreift hien, dass hien sech vu Lëtzebuerg erwaart, am Fall vun engem Krichsszenerio ënnert kenger Form an dësem… Continue reading Huet den Aarbechts- a Sportminister seng Kompetenzen iwwerschratt?

Nation Branding?

D’Agence Luxembourg for Finance (LFF) huet lescht Woch ee Werbevideo verëffentlecht an dem d’Liewen an d’Schaffen op der Finanzplaz Lëtzebuerg promouvéiert gëtt. Ënnert dem Hashtag #MoveToLux weist de Video eng Wealth-Managerin, déi mat engem 4×4 SUV duerch d’Bëscher rennt an dono op der Marie-Astrid bei engem Pättche Wäin verzielt, wéi flott d’Liewen zu Lëtzebuerg, bzw.… Continue reading Nation Branding?

Wéi transparent si Fluchticketen?

Senior Adult Holding Ticket Laptop Concept

Bei verschiddenen Airlines sinn d’Konditiounen am Fall vun enger Modifikatioun oder Annulatioun vun Ticket net transparent. Mir hu bei der Konsumenteschutzministesch Paulette Lenert ugeklappt fir si iwwert déi Lacunnen am Konsumenteschutz opmierksam ze maachen. Hei ass d’Fro, déi mir gestallt hunn: Här President,Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro… Continue reading Wéi transparent si Fluchticketen?

Soll Kerosin besteiert ginn oder net?

Landing airplane. Landscape with passenger airplane is flying in the blue sky with red, purple and orange clouds at sunset. Travel background. Passenger plane. Commercial aircraft. Private jet

Kritt d’Loftfaart an de nächste Joren eng Kerosinsteier? An den EU-Wahlen war d’Besteierung vum Kerosinverbrauch vu Fligeren ee grousst Thema. Mir wëllen vun der Regierung wëssen, wéi eng Positioun si an Europa vertrëtt. Fir eis Piraten ass et logesch, dass eng Besteierung vum Kerosinverbrauch d’Präisser vun den Ticketen wäerten an d’Luucht dreiwen. Et ass Aewëscherei, wann… Continue reading Soll Kerosin besteiert ginn oder net?

Weider Froen zum “Geheime Casier” vun der Police

Office clerk searching for files in the filing cabinet, he finds a folder with confidential information inside, personal point of view

Ginn et bei der Police geheim Dossieren iwwer onschëlleg Biergerinnen a Bierger? D’Pirate wënschen sech op dës Fro eng éierlech Äntwert vun der Regierung. An eiser Question parlementaire froen mir eng Opklärung a Bekennung vun de Responsabelen: Här President, […] Aus der Äntwert vum Premier Minister Xavier Bëttel op d’parlamentaresch Fro n°640 vum honorabelen Deputéierte… Continue reading Weider Froen zum “Geheime Casier” vun der Police