ACCOUNT

Wien huet d’Werbecampagne #NetOuniMengMask erstallt?

Net ouni meng Mask. Dëst ass de Message vu enger aktueller Sensibiliséierungscampagne, déi vum Gesondheetsministère bal iwwerall am Land ze gesinn ass. Pechbiller a Restauranten souwéi digital Werbeannoncë sollen d’Leit dorunner erënneren, dass si mam Droe vun enger Mask hier Matmënschen a sech selwer virun enger méiglecher Infektioun mam Coronavirus schütze kann.  Wann een d’Metadate… Continue reading Wien huet d’Werbecampagne #NetOuniMengMask erstallt?

Voll Bréifkëschten a vill Dreck – gehéiert Werbung an der Bréifkëscht ofgeschaaft?

An overfull old post box

Verschidde Stied an Holland hunn säit knapps engem Joer hir Quantitéiten u Pabeieroffäll duerch eng simpel Mesure reduzéiert, wéi verschidden Zeitungen am Ausland beriichten. Deemno kënnen Haushälter an Holland duerch een Opt-in decidéieren, ob si wëlle Werbung a Form vu Pabeier an hier Bréifboîte gehäit kréien. Dofir mussen si nëmmen op hirer Bréifboîte uginn, dass si Werbung erhale wëllen. All Werbung, déi… Continue reading Voll Bréifkëschten a vill Dreck – gehéiert Werbung an der Bréifkëscht ofgeschaaft?

Nofro: Social Media Accounts vu Ministeren

Social network likes. Man using smartphone, playing social media

Facebook, Twitter, Instagram. Vill vun de Ministerinnen a Minister sinn op Social Media aktiv. Mer hunn de Staatsminister gefrot, wéi d’Benotzung vu Social Media ënnerhalb vun der Regierung gereegelt ass. An der parlamentarescher Fro n°633 hat ech de Premierminister a Minister fir Kommunikatioun a Medie gefrot, wéi d’Deelen oder d’Publizéiere vu Werbung op Social Media… Continue reading Nofro: Social Media Accounts vu Ministeren

Nation Branding?

D’Agence Luxembourg for Finance (LFF) huet lescht Woch ee Werbevideo verëffentlecht an dem d’Liewen an d’Schaffen op der Finanzplaz Lëtzebuerg promouvéiert gëtt. Ënnert dem Hashtag #MoveToLux weist de Video eng Wealth-Managerin, déi mat engem 4×4 SUV duerch d’Bëscher rennt an dono op der Marie-Astrid bei engem Pättche Wäin verzielt, wéi flott d’Liewen zu Lëtzebuerg, bzw.… Continue reading Nation Branding?

Ëffentlech Gelder fir eege Werbung benotzt?

Vintage radio on wood table with various utensils

Aktuell organiséiert de Ministère fir Bildung eng Réi vun Diskussiounsowenter mam Numm Bildung am Dialog. D’Zil vun dësen Diskussionsowender ass mat de Bierger am Land iwwert de lëtzebuergesche Bildungssystem ze diskutéieren. Fir dësen Zweck huet de Ministère eng Publicitéit lancéiert fir op dës Diskussiounsowenter opmierksam ze maachen an anzelueden. D’Publicitéit gëtt, ënnert anerem, um Radio… Continue reading Ëffentlech Gelder fir eege Werbung benotzt?