Soll Kerosin besteiert ginn oder net?

Kritt d’Loftfaart an de nächste Joren eng Kerosinsteier? An den EU-Wahlen war d’Besteierung vum Kerosinverbrauch vu Fligeren ee grousst Thema. Mir wëllen vun der Regierung wëssen, wéi eng Positioun si an Europa vertrëtt.

Fir eis Piraten ass et logesch, dass eng Besteierung vum Kerosinverbrauch d’Präisser vun den Ticketen wäerten an d’Luucht dreiwen. Et ass Aewëscherei, wann d’Regierung am EU-Rot behaapt, d’Mobilitéit vun den EU-Bierger net wëllen anzeschränken a gläichzäiteg d’Präisser vun den Ticketen eropginn, wat ville Läit mat nidderege Léin et nach méi schwéier wäert maachen ze reesen. Mir géifen d’Regierung bieden, hei Neel mat Käpp ze maachen an de Mënsche kloer ze soen, dass d’Reesen an Zukunft méi deier wäert ginn, wann de Pollueur-Payeur-Prinzip zum Asaatz kennt.

Hei ass d’Fro, déi mir der Regierung gestallt hunn:

D’Thema vun der Besteierung vum Kerosinverbrauch war bei den Europawahlen ee grousse Sujet. Hei hunn déi 3 Regierungsparteien sech an engem Questionnaire vum Mouveco fir eng Besteierung vum Kerosinverbrauch ausgeschwat. Aktuell existéieren an der Europäescher Unioun keng verflichtend Steieren op de Kerosinverbrauch.

Am EU-Ministerrot vum 6te Juni huet déi lëtzebuergesch d’Délégatioun ee Punkt abruecht mam Titel “Bekämpfung von Treibhausgasemissionen und Verkehrsüberlastung durch Preisgestaltung im Luftfahrtsektor – Informationen der luxemburgischen Delegation”. D’Dokument erwäänt hei d’Besteierung vum Kerosin als eng
méiglech Optioun.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Wäert d’Regierung sech fir eng Besteierung vum Kerosinverbrauch an der EU asetzen?
  2. Am Rapport vum Ministerrot steet weiderhin, dass et ausser Fro stéing, d’Mobilitéit vun den EU-Bierger ze
    reduzéieren. Kann d’Regierung versëcheren, dass potenziell Ëmweltmesüren an déi dovun ausgoend potenziell Präiserhéijungen d’Mobilitéit vu sozioekonomesch méi schwaachen EU-Bierger net beanträchtege wäerten?
  3. Huet d’Regierung schonn Zeenarien opgestallt, wéi eng Kerosinsteier (oder eng aner Mesure nom Pollueur-
    Payeur-Prinzip) d’Aktivitéite vun der lëtzebuergescher Loftfaart beanträchtege géif?
    • Falls jo, wat wären d’Konsequenze fir de Passagéier- a Cargoverkéier um Findel?
    • Falls nee, wär et net opportun an nächster Zäit esou Analysen an Opdro ze ginn, fir preparéiert un d’Saachen unzegoen?
  4. Strieft d’Regierung ee Réckgang vun de Passagéierzuelen um Findel un?

Mat déiwem Respekt,
GOERGEN Marc
Député

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene